Skip to main content

LSC

Lëtzebuerger Studenteclub Cölln

Wee si mir?

Säit Dezember 1992 verbënnt de Lëtzebuerger Studenteclub zu Köln alleguer d’Lëtzebuerger*innen, déi zu Köln op der Uni oder op de verschiddenen Héichschoule studéieren. Säit mëttlerweil méi wéi 30 Joer, treffe mir eis all Dënschdeg fir verschidden Eventer ze maachen. Bei engem gudde Kölsch fannen d’“Erstis“ séier Uschloss a léieren d’Stad Köln, nieft der Uni, an all hire Facettë kennen. Mir probéieren iech sou gutt et geet, eng kleng Ofwiesslung zum Student*innenalldag ze bidden a bei alldeegleche Froen ze ënnerstëtzen a weiderzehëllefen.

Wat maachen mir?

  • All Dënschdeg treffe mir eis fir ganz verschidden Eventer, wou fir jiddereen eppes dobäi ass a mir zesumme flott Owenter verbréngen. (z.B. Beerpongtournoi, Laser Game, Rallyen a villes méi!)
  • Am Ufank vum Wantersemester, veranstalt den LSC een Ersti-Day fir d’Neuankömmlinge. Hei hunn eis Erstien d’Méiglechkeet den LSC a seng Membere kennenzeléieren.
  • Eemol an der Woch hu mir an eisem Stammcafé de Stammdësch, wou mir gemittlech zesummekommen, fir een oder e puer Kölsch a wat soss engem säin Häerz begiert, ze drénken.
  • Mir treffen eis reegelméisseg am Joer fir zesumme Volleyball, Fussball, Basket an aner Sportaarten ze spillen. Domadder si mir perfekt virbereet, fir déi verschiddenst Tournoien ze gewannen.
  • Natierlech dierf bei eis Kölner*innen de “Karneval” net feelen, dofir feiere mir déi besonnesch Deeg all zesummen. Vum Wëllkommsfräibéier am Virowend bis de “Kölle Alaaf” ass alles dobäi.
Verfolleg eis an de soziale Medien