Skip to main content
LSH
Websäit Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg
Land Däitschland

LSH

Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg

Wee si mir?

D‘Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg (LSH) sinn de Studentecercle zu Heidelberg. D’ASBL gouf am Joer 2000 gegrënnt a vernetzt säitdeem Lëtzebuerger:innen, déi zu Heidelberg studéieren.
Ee vun eisen Ziler ass et eis Memberen ze regruppéieren. Dofir organiséiere mir reegelméisseg Events. Mir informéieren Schüler:innen a Studenten:innen déi un engem Studium zu Heidelberg interesséiert sinn. An natierlech beäntwere mir och Froen zur Wunnengssich, Umeldung oder aneren administrative Virgäng.

Wat maachen mir?

  • Niewent den traditionellen Events wéi d'Bienvenue, wou mir mat eise Memberen an den Erstis zësummen an dat neit Semester starten, der järlecher Chrëschtfeier, oder eise beléiften Intercercle, wou mir zësummen mat eisen Memberen an Student:innen aus anneren Cerclen mat enger Sixtys Bunn duerch Heidelberg fueren an ee Flunkyball-Tournoi organiséieren fir dono den Owend op der Hendsemer Kerwe ze verbréngen, organiséiert de Comité vum LSH a regelméissegen Ofstänn divers Owender, wéi Bowling oder Lasertag bis hin zu Karaoke, Pubcrawl oder och méi relax Stammdëscher.
Verfolleg eis an de soziale Medien