
LSM
Lëtzebuerger Studenten zu München
Wee si mir?
D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, regroupéiert an der Tëschenzäit ronn 180 Studente vun den Héichschoulen an Unien zu München. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Leit mam Zil eng Plattform ze schafen, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen. Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suergen. Un dësen Ziler huet sech wéineg geännert. Mir bidden nieft eise wéchentlche Stammdëscher och bal all Weekend verschiddenst Aktivitéiten un a sinn op den Eventer vun ACEL ëmmer gutt vertruede fir genau dës Ziler weider ze verfollegen.
Wat maachen mir?
- Nieft engem Welcome Day, fir déi nei Studenten zu München ze begréissen, an traditionellen Datumer wéi der Chrëschtfeier an zwee Fräibéier, organiséiert den LSM och all Joer ee Skiweekend zu Kitzbühel souwéi eng Summerrees an eng europäesch Stad.
- Donieft kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz.
- 2015 hu mir, mat groussem Erfolleg, déi éischt Oktoberfest-Intercercle lancéiert an halen dat bis haut nach ëmmer bäi.
- Eis Käraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass a genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mir de Memberen all dës Aktivitéiten ubidde kënnen.
- Zéckt net eis eng Mail ze schreiwen, eise Site ze besichen, Donneschdes Owes ab 21 Auer an d‘Klenze17 op eise Stammdësch ze kommen oder un enger anerer vun eisen Aktivitéiten.
Verfolleg eis an de soziale Medien