Skip to main content

LST

Lëtzebuerger Studenten zu Tréier

Wee si mir?

De Studenteclub Lëtzebuerger Studenten zu Tréier a.s.b.l., kuerz LST genannt, gouf 1979 an d' Liewe geruff a regruppéiert, wéi den Numm et scho verréit, d' Lëtzebuerger Studenten zu Tréier. D' Ziel vum Veräin ass et, sech fir d' Intresse vun de Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten anzesetzen an hinnen och eng Rei Aktivitéiten unzebidden.

Wat maachen mir?

  • Déi éischt Manifestatioun am neie Joer ass d’Erstiversammelung fir eis Eischtsemestler:innen. Op dësem Dag kriss du wichteg Informatiounen iwwert d’Studenteliewen a mir weisen Dir d’Stad Tréier Kombinéiert gëtt dëst Event gäre mat engem Fräibéier! Interessant fir all Eischtsemestler:in!
  • Dat ganzt Semester iwwer treffe mir eis um 20.00 Auer Denschten Owes fir e reegelméissege Stammdësch. Am Wanter as sdeen an eisem aktuelle Stammcafé, am Summer gëtt bei guddem Wieder beim Turm Luxemburg um Petrisberg gegrillt.
  • Nieft de Stammdëscher ginn et wärend dem Semester nach vill aner Flott Eventer, een Highlight ass sécher eise Karaoke!
Verfolleg eis an de soziale Medien