LSWü
Lëtzebuerger Studenten zu Würzburg
Wee si mir?
Den LSWü gouf den 29. November 2017 vu enger Handvoll motivéierte Student:innen gegrënnt. Haut si mir ronn 15 Memberen – kleng, mee dofir wéi eng Famill! Mir ennerstetzten souwuel eis aktiv Memeberen wei och eventuell nei Memberen bei Froen an Problemer rondrem Studenteliewen zu Würzburg. Mir maachen regelméißeg Events, wou mir eis zesummen treffen an d´Liewen zu Würzburg, enger immens schéiner Stad, genéissen.
Wat maachen mir?
-
Stammdësch: All 2. Woch treffen mir eis fir en gemitterlechen Owend zesummen ze verbréngen. Do gett dann bei engem leckeren Béier oder Cocktail iwwer Gott an Welt geschwaat an zesummen gelaacht.
-
Chrëschtmaart: Mir ginn och gären an der Chrëschtzäit op den Chrëschtmaart, egal ob zu Würzburg oder och mol an der Géigend wéi z.B op Regensburg oder op Nürnberg.
-
Main-Grill-Boot: Am Summer fueren mir dann och mol mam Main-Grill-Boot, engem Boot wou een drop grillen kann, iwwer den Main an genéißen den Summer zu Würzburg.
-
Kiliani-Volkfest: Och ginn mir gären zesummen op d'Kiliani-Volkfest an feiren zesummen am Bierzelt an Tracht an mat enger Maß am Grapp bis dass Bänken kraachen.
-
Intercercle-Lët‘z Go Wü: Den Highlight ass eise legendären Intercercle am Mee, wou mir schon bis zu 50 Studente vun anere Cerclen begréisse konnten. Um Programm steet do enner aanerem en Rallye duerch eis schein Staadt an eng Wäindegustatioun.
Verfolleg eis an de soziale Medien


