
VLIB
Verein Luxemburger Studenten in Berlin
Wee si mir?
Säit 2008 ass de VLIB (Verein Luxemburger Student:innen zu Berlin) ass e Student:inneveräin, dee lëtzebuergesch Student:innen zu Berlin zesummebréngt, ënnerstëtzt a begleet. Mir organiséiere flott Eventer, bidden eng Plattform fir den Austausch a setzen eis fir d’Intressie vun eise Memberen an – akademesch, kulturell a sozial. Egal ob s de grad zu Berlin ukomm bass oder scho méi laang hei studéiers: Beim VLIB fënns de Verbindung, Hëllef a vill gutt Momenter. Dowéinst soe mir: Maach et fir de VLIB!
Wat maachen mir?
- Spätitour - Eiden traditionellen Optakt vum Semester maache mir mat enger Spätitour duerch Berlin
- Beach-Volleyball-Tournoi - Eist sportlecht Event kuerz virun der Summerpaus
- Beer-Pong-Tournoi - Zwee mol am Joër organiséiere mir ee Beer-Pong Tournoi an engem Studi-Café op der TU-Berlin
- Bierkastenlauf - Um Herrentag probéiere mir rauszefannen, wien den Tour rondrëm d'Templehofer Feld am schnellste packt
- Nationalfeierdag - Fir Nationalfeierdag gi mir op d'Feierlechkeeten vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Berlin agelueden
Verfolleg eis an de soziale Medien