ALEM

Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médécine

Kuerz d'Geschicht vum Cercle :

D’ALEM ass am August 1966 gegrënnt ginn an huet 2016 hire 50.Gebuertsdag gefeiert. De 6.Abrëll 1990 markéiert mat der Wiel vun engem neie Comité och en Neiufank fir d’Associatioun. Säitdem huet d’ALEM net opgehalen sech weider ze entwéckelen an ass säit 2007 Vollmember vun der “International Federation of Medical Students’ Associations” (IFMSA). D’IFMSA ass mat 1,3 Millioune Memberen déi gréisst Studentenassociatioun vun der Welt.

Missioun a Beschreiwung :

D'Missioun vun eiser Vereenegung ass et, d'Vernetzung vun de lëtzebuergesche Medezinsstudenten an Zännmedezinnstudenten, sou wéi de “Médecins en voie de spécialisation” ze verbesseren an hir Interessen op nationalem wéi internationalem Niveau ze vertrieden. Des Weideren informéiere mir interesséiert Schüler iwwert d'Medezinsstudium a sinn och an de verschiddenste Beräicher vun der Santé publique aktiv. All lëtzebuergesche Medezinsstudent ka GRATIS bei eis Member ginn a vun enger ganzer Rei Virdeeler profitéieren.

Aktivitéiten :

D'Aktivitéite vun der ALEM loossen sech an e puer Beräicher ënnerdeelen: • National an international Representatioun an Interessevertriedung • Informatioun vu Studenten a Schüler (SCOME) • Santé publique (SCOPH) • Education sexuelle et affective (SCORA) • Droits de l'homme et paix dans le monde (SCORP) • Medezinsstudente vernetzen Weider Informatiounen iwwert d'ALEM fannt dir am aktuelle Guide du Futur Étudiant an op eiser Websäit.


Contact: