ALESPS
Association Luxembourgeoise des Etudiant*es en Sciences Politiques et Sociétales
D’Association Luxembourgeoise des Étudiant·e·s en Sciences Politiques et Sociétales (ALESPS) huet sech d’Zil gesat, als zentral Uspriechorganisatioun fir Studentinnen a Studenten aus den Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien ze etabléieren. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Interesse vun de Studentinnen a Studenten ze vertrieden, si iwwer wichteg Entwécklungen an hirem Studium ze informéieren an eng Plattform ze bidden, wou si sech ënnereneen austausche kënnen. Nieft dëser Roll engagéiert sech ALESPS och dofir, Schülerinnen a Schüler, déi sech fir e Studium an de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien intresséieren, mat nëtzlechen Informatiounen a Rot an Dot z’ënnerstëtzen. Zesumme mam Zil, eng Gemeinschaft vu Studentinnen, Studenten a Jonken ze fërderen, setzt sech ALESPS och fir d’Promotioun vu politeschem a gesellschaftlechem Engagement an. Duerch Konferenzen, Diskussiounsronnen an aner Eventer wëll d’Associatioun d’Bewosstsi fir d’Relevanz vu politeschen a gesellschaftleche Sujete stäerken. Op dës Manéier positionéiert sech d’ALESPS als a.s.b.l tëscht de Studentinnen a Studenten, de Schülerinnen a Schüler an der politescher an akademescher Welt, an als Motor fir en oppene Gedanken- an Informatiounsaustausch.