ALSEP

Association Luxembourgeoise Socio-éducative et pédagogique

  • sophie.mangenoutlook.com

Wat ass d’ALSEP?

D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-éducative et pédagogique) ass am Dezember 2024 an d'Liewe geruff ginn. Et handelt sech em ee fachspezifesche Cercle, deen all méiglech Studiegäng aus pädagogeschen, educativen a soziale Beruffsrichtungen verbënnt. 

Wat mécht d'ALSEP?

D'ALSEP huet als Zil d'Student:innen aus den uewe genannte Beräicher mateneen a Kontakt ze bréngen an een Austausch ze erméiglechen. An dem Kontext sollen am Joer verschidde Visitten, Informatiounsversammlungen an Events stattfannen. Ausserdeem huet d'ALSEP als Zil de Schüler:innen an hirer Studiewahl a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d'Beruffsliewen, ze ënnerstëtzen.  

Bei wéi enge Froe kann een sech un eis wenden?

Et kann een sech mat all senge Froen zum Thema Studium oder Beruffsliewe bei eis mellen déi ënnert Bildung, Erzéiung a Sozialberäich falen. Et kënne Froen zum Studium a Lëtzebuerg oder am Ausland sinn, sou wéi iwwert d'Unerkennung vum Diplom oder och zum Thema Exame fir an de Beruff ze starten. 


Contact: