ANESEC

Association Nationale des Etudiants en Sciences Economiques et Commerciales

Missioun a Beschreiwung : D’ANESEC verfollegt mat hiren Aktivitéiten 3 Objektiver : 1. Representatioun vun de Studenteninteressen aus dem Beräich vun de Wirtschaftswëssenschaften Zil ass et alleguerten d'Lëtzebuerger Economiesstudenten an enger eenzeger Associatioun ze vereenegen. Doduerch entsteet eng Plattform déi den Informatiounsaustausch fördert an d’Deelen vu perséinleche wéi och professionellen Erfahrungen erliichtert. 2. Den Iwwergang vum Studenten- an d’Beruffsliewen ze vereinfachen . D’ANESEC steet a stännegem Kontakt mat ausgewielten Akteuren vun der lëtzebuergescher Finanzplaz souwéi de Studenten an verfollegt Zil de Kontakt tëschent dësen béide Partien ze vereinfachen. Dofir organiséieren mir iwwert Joer eng Rei Aktivitéiten, wéi. z. B. eng Jobfoire: d’„Rencontre Entreprise-Etudiants, verschidde Workshops, visites d’entreprises, etc. 3. Informatioun vun den Schüler a Studenten : a. Fir dësen Zweck publizéiert d’ANESEC eemol d’Joer säin „Guide du Futur Economiste“ an deem eng grouss Zuel u Studiegäng vun verschiddenen Universitéiten virgestallt ginn; b. All ANESEC Member kritt regelméisseg eng Newsletter déi iwwert ausgewielten Events, Stage- an Aarbeschtsofferen wéi och Aktualitéiten aus der Lëtzebuerger Wirtschaft informéiert ; c. D’ANESEC ass op der Foire de l’étudiant wéi och bei den Studieninfo vun der ACEL vertrueden. Hei kennen Schüler a Studenten an direkte Kontakt mat Comitésmemberen kommen an sech iwwert déi verschidden Ekonomies-Studiegäng a Méiglechkeeten renseignéieren ; Aktuell huet ANESEC iwwert 500 Memberen an ass zu Lëtzebuerg nach ëmmer déi eenzeg Associatioun, déi d’Interessen vun den lëtzebuergeschen Ekonomies-Studenten vertrëtt. Jiddereen deen en Bezuch zu Lëtzebuerg huet, kann bei eis Member ginn. D’Memberschaft ass gratis an kann op eisem Internetsite http://anesec.lu/ ugefrot ginn. Den ANESEC Comité besteet am Moment aus 15 engagéierten Comitésmemberen, déi hiert Mandat benevole ausüben. D’Aktivitéiten vum CercleRencontre Entreprises-Etudiants (REE): Zenter 30 Joer organiséiert d’ANESEC eng Jobfoire wou d’Haaptacteuren vun der lëtzebuergescher Finanzwelt präsent sinn. Dobäi kréien d’Studenten d’Méiglechkeet an direkten Kontakt matt de Firmaen ze trieden a sech iwwert aktuell Stage- an Aarbeschtsofferen ze informéieren. • ANESEC Business Day: Dëst Joer huet d’ANESEC schonn déi 4. Editioun vum Business Day organiséiert. Hei hunn d’Studenten d’Méiglechkeet aus enger grousser Unzuel vun interaktive Workshops der e puer erauszesichen, fir op dës Manéier eng konkret Virstellung vu méigleche Beruffer bei eise Partner-Entreprisen ze kréien. Mëttlerweil hunn d’Studenten och d’Méiglechkeet un engem „Speed-Meeting“ deelzehuelen, wou si da jeeweils 5 Minutten Zäit hunn, perséinlech mat Vertrieder vun den Entreprisen ze schwätzen an hir Froen ze stellen. • Visite d’entreprises: Als Partner vun de wichtegsten Entreprise vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, erméiglecht d’ANESEC senge Memberen, verschidde Firmen ze besichtegen. Esou kann een sech an engem eenzegaartege Kader mat erfuerene Beruffstätegen austauschen an nei Kontakter hierstellen. • Seminairen an Networking Events: De Seminaire „Comment réussir votre candidature“ verfollegt Ziel dem Student ze weisen wéi een en CV oder eng Lettre de motivation opbaut resp. schreift. Doniewent kréien Studenten Tipps an Ideeën mat op de Wee, wéi een e Virstellungsgespréich virbereeden kann. Zu eisen bekanntesten Networking Events gehéiert e Fräibéier op der Schueberfouer an diverse aner Socials, déi iwwert dat ganzt Joer stattfannen. Dës Evenementer hunn d’Zil sech ënnerteneen kennenzeléieren an den Erfahrungsaustausch zur Universitéit oder absolvéiert Stagen ze förderen. • CV Photoshooting: D’ANESEC gëtt eemol d’Joer, a Kooperatioun mat engem professionellen Photostudio, hiren Memberen d’Méiglechkeet, gratis CV-Fotoen vun sech maachen ze loossen.


Contact: