de Studentevertrieder

ALESONTIA, Lëtzebuerger Studenten zu Bonn

D’Alesontia ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Bonn. Hie gouf 1932 vun enger handvoll Idealisten gegrënnt, déi der Meenung waren, dass et sech zesummen géing besser liewe loossen an, dass een bewaffnet mat engem Cercle méi respektéiert géing ginn.
Mir, d’Membere vun der Alesontia, schwätzen iwwert alles wat eis esou afält. Wann mol Problemer am Studium sinn, hëllefe mir eis géigesäiteg weider a maachen och soss alles dofir, fir eis d’Liewen nieft dem deelweis ustrengende Studium ze verséissen. Sou treffe mir eis méi oder wéineger oft an engem Café oder ginn d’Bonner Basketsequipe op Matcher ënnerstëtzen. Am Summer gëtt natierlech och déi eng oder aner Kéier zesumme gegrillt.
Op den nationale Studentebaler si mir praktesch ëmmer präsent a mir versichen och all Joer op der Studentefoire ee Stand zesumme mat der Uni Bonn z’organiséieren.

Veranstaltungen

Comité

ALESONTIA kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.