Alesontia

Lëtzebuerger Studenten zu Bonn

D’Alesontia ass de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Bonn. Hie gouf 1932 vun enger handvoll Idealisten gegrënnt, déi der Meenung waren, dass et sech zesummen géing besser liewe loossen an, dass een bewaffnet mat engem Cercle méi respektéiert géing ginn. Mir, d’Membere vun der Alesontia, schwätzen iwwert alles wat eis esou afält. Wann mol Problemer am Studium sinn, hëllefe mir eis géigesäiteg weider a maachen och soss alles dofir, fir eis d’Liewen nieft dem deelweis ustrengende Studium ze verséissen. Sou treffe mir eis méi oder wéineger oft an engem Café oder ginn d’Bonner Basketsequipe op Matcher ënnerstëtzen. Am Summer gëtt natierlech och déi eng oder aner Kéier zesumme gegrillt. Op den nationale Studentebaler si mir praktesch ëmmer präsent a mir versichen och all Joer op der Studentefoire ee Stand zesumme mat der Uni Bonn z’organiséieren.

LU78 0019 5055 2713 4000 BCEELULL


Contact: