de Studentevertrieder

ANEIL, Ingenieursstudenten

D'ANEIL gouf 1958 gegrënnt an ass den eenzege Vertrieder vun alle Studenten aus de Beräicher Ingenieurswiesen, Naturwëssenschaften, Technik an Architektur, déi eppes mat Lëtzebuerg ze dinn hunn.

D'ANEIL huet ongeféier 350 Memberen, déi gréisstendeels an Däitschland an an der Schwäiz studéieren; mä och zu Lëtzebuerg, an Éisterräich, an der Belge, a Groussbritannien, an Holland oder a Frankräich ass d'ANEIL vertrueden.

Déi wichtegst Aktivitéite vun der ANEIL sinn:

  • Visitte bei Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun
  • Table Ronde op Karfreideg mat de Vertrieder vu wichtegen Entreprisen aus Lëtzebuerg aus ville verschiddene Secteuren
  • Veräinsrees am europäeschen Ausland mat interessante Visitten a vill studentësche Spaass
  • Studieninformatiounen an de meeschte Lëtzebuergesche Lycéeën
  • Präsenz op der foire de l'étudiant

Fir weider Informatiounen iwwert d'ANEIL ze kréie, besich eis Homepage oder lies e bëssen an eisem Magazin bulli, dee 4 mol am Joer erauskënnt.

Fir weider Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium besich eise Site letsengineer.lu!

Veranstaltungen

Comité

ANEIL kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.