AVL

Akademischer Verein d'Lëtzebuerger

Den AVL gouf 1897 gegrënnt an ass zënterhier bei ville Lëtzebuerger, déi zu Ooche studéieren, e feste Bestanddeel vun hirem Studenteliewe gewiescht. D'Schüler, déi wëlles hunn op Ooche studéieren ze kommen, probéiere mir sou gutt wéi méiglech ze informéieren an hinne praktesch Saache mat op de Wee ze ginn. Den AVL ass d'ganzt Joer iwwer aktiv a sou ginn et eng ganz Rëtsch u Soiréeën an Eventer, déi mëttlerweil méi oder manner traditionell an eisem Kalenner verankert sinn. D'Soirée de Bienvenue, d'Stee an d'Daf zielen heimat sécherlech fir all "Ersti" zu deene wichtegsten. Ma och Events wéi d'Ponttorfeier ronderëm Nationalfeierdag (Titelbild), Glühwäinsoirée oder Caférallye sinn ëmmer ganz beléift. Donieft si mir och sportlech ganz aktiv (Staffellaf, Tournoi de l'Ambassadeur, reegelméissege Sport zu Oochen,...) a ginn ëmmer erëm op di verschidden Intercerclen. A wa mer mol net grad zu Ooche sinn hu mer zu Lëtzebuerg och di eng oder aner Eventer wou mer vertruede sinn (eegene Bal, Studentebal, Studentefoire,...).


Contact: