CELBas

Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Bastogne

Den Cercle des étudiants luxembourgeois de Bastogne (CELBas) ass ganz frësch erëm an d’Liewen geruff ginn. Mir hunn eis eréischt Enn 2014 erëm gegrënnt an dofir si mir och nach an der Ufanksphase. Am Ufank vum Semester 2015/2016 hunn mer eng ganz gelongen Welcome Party organiséiert, déi dann sécher all Joer elo stattfënnt. Mir maachen an der Woch virun der Allerhellgen Vakanz eis Halloween Party am Dakota an an der leschter Woch virun der Chrëschtvakanz en « Après-midi de Noël » an der Schoul, organiséiert mat Glühwäin. Mir hun 2 Après-Ski Party zu Lëtzebuerg organiséiert. Dobei war dat déi éischt an och och déi lescht Arpès-Ski am Dean. 16 Dezember 2016 an 3 Februar 2017. Mir huelen all Joer um Tournoi de Noël deel an dat mat groussem Erfolleg am Fussball, 3t Platz 2014, 2t Platz 2015 an 1ter Platz 2016. Mir sinn am Moment zu 11 Leit am Comité, mee deen gëtt all Joer nei gewielt, an do kann sech all Baaschtnecher Student gaeren mellen.

LU91 0019 4655 7917 0000 BCEELULL


Contact: