de Studentevertrieder

ELAN

ELAN steet fir étudiants luxembourgeois à Nancy an ass 2007 gegrënnt ginn. Den Numm ass Programm an mir hunn iwwer di läscht Joer eng grouss Unzuel un enthousiasteschen Memberen regroupéiert déi sech reegelméisseg trefft fir Soirée‘en z’organiséieren.

Eist Ziel ass et eng Gemeinschaft opzebauen an flott Momenter z’erliewen. An deem Sënn bidden mir den lëtzebuerger Studenten d’Méiglechkeet sech bei eis z’informéieren fir hinnen ze hëllefen hiert Studenteliewen richteg opzebauen. Duerch verschidden Aktivitéiten (Bowling, Lasergame an natierlech d’Daf net ze vergiessen) déi mir organiséieren léieren si sech besser kennen an integréieren sech zu Nanzeg. Niewent den Aktivitéiten verbréngen mir och oft geselleg Owender an eisem Stammlokal dem Mac Carthy. An ween gären e bëssen méi laang feieren wëll kann dat gären an eng vun den villen Disco’en maachen. Am Summer kann een et sech gemittlech maachen op engen vun deenen villen Terrassen op der Place Stanislas, déi als eng vun den schéinsten Plazen a ganz Frankräich ugesinn gëtt. Am Wanter steet dann och ëmmer eng gutt Kéisfondue um Programm.

Fir weider Informatiounen kënnt dir eis gären ee Mail schécken un info@elan.lu oder eis ee Message an eiser Grupp op Facebook hannerloossen [https://www.facebook.com/elanancy/].

Veranstaltungen

Comité

ELAN kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.