Friblëtz

Lëtzebuerger Studenten zu Fribourg

Wee si mir?

De Friblëtz gouf den 28. Oktober 1996 gegrënnt an zielt momentan ronn 70 aktiv Memberen. Zenter dem Grënnungsjoer si mir Member an der ACEL. Als lëtzebuerger Studentencercel vertriede mir d’Interesse vun de lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg. Mir hëllefen an informéieren déi nei Studente fir dass déi zukünfteg Universitären sech ouni gréisser Problemer an d’Unisliewen an an d’Liewen zu Fribourg integréiere kënnen. Donierft organiséiere mer am Laf vum Joer eng Rei Fräizäitaktivitéiten, ënner anerem: Daf vun de neie Memberen, eng Kleeserchersfeier, e Skiweekend, kulturell Ausflich a natierlech d’Feiere vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an der Ambassade zu Bern. Dobäi kommen och Party’en, souwuel zu Fribourg wei och zu Lëtzebuerg (ACEL-Bal). Am Joer 2002 huet de Friblëtz de Swisscup an d’Liewe geruff, e Sportsturnoi wou déi verschidde Schwäizer Cerclë vu Lausanne, Zürich, St. Gallen a Fribourg all Joers bei engem anere géinteneen untrieden.

LU84 0019 4955 0759 3000 BCEELULL


Contact: