de Studentevertrieder

Jonk BAD, Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatiouns-Studenten

D'Jonk BAD, gegrënnt den 4. Juli 2015, ass ee Studentencercel fir Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun. Eist Ziel ass et d'Studente matenaner ze verbannen a soumat eng Gemeinschaft ze bilden, déi zesumme flott Aktivitéiten ënnerhuëlt an Informatiounen zu Studium a Beruff austauscht.

Wat maache mir?

Zu eisen Aufgaben ziele mir:

  • Informatiounen zu de verschiddene Studiengäng ze vermëttelen, ënnert aneren z.B. op der Studentefoire
  • Informatiounen zu de verschiddene Beruffer ze vermëttelen
  • Futur-Studenten z‘ënnerstëtze bei der Bewerbung, Wunnengssich a Co.
  • Studente bei der Sich no enger Stagesplaz ze hëllefen

Cotisatiounen

Cotisatioune setzen sech wei follegt zesummen:

  • Membres actifs: 5 € (Leit, déi am Moment nach op enger Uni ageschriwwe sinn/studéieren am Beräich Bibliothéikswiesen-, Archivistik- an Dokumentatioun oder konnex Beräicher)
  • Membres donateurs: fräie Beitrag (Jiddereen)

Veranstaltungen

Comité

Jonk BAD kontaktéieren

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.