LESTLÉ

Lëtzebuerger Studenten zu Léck

D’Lëtzebuerger Studenten zu Léck oder kuerz d’ LËSTLÉ ass ee vun deene gréissten an eelste lëtzebuergesche Studentencercelen. Viru méi wéi 100 Joer gouf e gegrënnt an existéiert säit 1955 ënnert senger aktueller Form. D'LËSTLÉ zielt iwwer 100 aktiv Memberen; de Comité besteet zur Zäit aus 11 Memberen, déi sech ëm d'Organisatioun vun de Soiréeën an Aktivitéite këmmeren awer och ëm d’Organisatioun vun de méi offiziellen Evenementer wéi d'Assemblée Générale oder de ’’Student fir een Dag’’.

Während dem Joer ass fir vill Spaass an Divertissement gesuergt. D’Joer fänkt ganz traditionell de leschten Dënschden am Joer mat eiser ''Soirée d’Accueil'' un. Dës gëtt direkt beim Carré am Café Take-Off, 9 rue du Mouton Blanc organiséiert. Dëst ass eise Stammcafé wou mer eis all Dënschden treffen, fir eis op enger vun eise villen Themesoiréeën (Soirée Saint Nicolas, Blocus, Fin Examens, Bad Taste, Karaoke an an an ) ze amuséieren oder fir einfach gemittlech ee Patt zesummen ze drénken. Aner Aktivitéite wieren dann nach eisen traditionelle Bowling, den Tour iwwert d’Foire d’Octobre an de Chrëschtmaart. De Sport kënnt natierlech och net ze kuerz bei eis. Eemol d’Woch organiséiere mer een Jogging, Fussball oder Volley. Nieft eisen Evenementer zu Léck si mir natierlech och zu Lëtzebuerg an am Ausland präsent, wéi op de verschiddenen Intercercelen oder Evenementer vun der ACEL.

LU85 0030 2883 1161 0000 BGLLLULL


Contact: