LSD

Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf

Den LSD ass nach en relativ néien Cercle (2012 gegrënnt) an domat och en bëssen méi klengen Cercle. Eist Zil ass et, d'lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf zesummen ze bréngen an d'Studentenliewen gemeinsam ze genéissen. Natirlech sinn mir och en Uspriechpartner fir d'Schüler aus dem Lycée, déi mat dem Studium ufänken wëllen an fir d'Studenten déi néi zu Düsseldorf sinn. Och als klengen Cercle sinn mir oft op den Intercerclen présent. An och zu Düsseldorf organiséieren mir divers Aktivitéiten: Grillen, Beachvolleyball, Fuesend, Skihal,... Do dernierft treffen mir eis dann och regelméisseg an der Altstadt op e gutten Altbéier. Natirlech freeën mir eis iwwer all néien Member. Eis fënnt een dann och nach all Joers op der Studentefoire, um Studentebal an um Tournoi de Noël.

LU20 0099 7800 0024 1653 CCRALULL


Contact: