RLA

Roud Léiwen Amsterdam

Mir sinn de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Amsterdam. De RLA ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf.

Eist Zil ass et d’Studenten sou gutt et geet z’encadréieren, z’ënnerstëtzen an z’informéieren. Sou garantéiere mir hinnen ee gudde Start an hiert neit Studenteliewen a suergen dofir dass si sech zu Amsterdam wuel fillen. Wärend dem Schouljoer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer (zb: Fräibéier, Bowling Owend, Bootstour,…) fir eis Studenten zesummen ze bréngen.

Falls du nach Froen hues dann zéck net dech bei eis ze mellen!


Contact: