Clear the Bottles
Fr14nov(nov 14)6:00 pmSo16(nov 16)4:00 amClear the BottlesLSZ-IC
Event Details
Léif Frënn vum LSZ, Vum 14.-15. November fënnt eisen traditionellen Intercercle de Clear the Bottles zu Zürech statt. Zesumme mat iech stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze
Event Details
Léif Frënn vum LSZ,
Vum 14.-15. November fënnt eisen traditionellen Intercercle de Clear the Bottles zu Zürech statt. Zesumme mat iech stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.
De Programm gesäit follgendermoossen aus:
- Freides de 14.11 um 18:00: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Loogarten mat Wäin, Béier a Softs à volonté.
- Samschdes de 15.11: Ab 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.
- Samschdes de 15.11: Ab 21:00: De legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar an der “Wunderbox” mat allem wat d’Häerz begeeschtert.
D’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn, mat deem een an eng Grupp kënnt (Dir musst iech géigesäiteg uginn).
D‘Participatioun fir de ganze Weekend läit bei 45€, fir just Samschdes (Rallye, CTB) bei 25€ a fir juste Freides (Fondue) bei 25€.
D‘Plaze fir de CTB sinn op 220 begrenzt, fir d’Fondue op 150. Hei gëllt: den éischten ass fir. Wann alleguerten d’Plaze besat si, kommt dir op eng Waardelëscht a rutscht no, falls eng Plaz sollt fräi ginn.
D´Umeldunge ginn en Dënschden 14.10 um 18:00 iwwert dëse Link op: https://lsz.lu/event/clear-the-bottles-2025/
D’Participatioun muss innerhalb vun enger Woch no der Bestätegung bezuelt ginn, soss geet är Plaz un den nächsten op der Waardelëscht. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2025 – Virnumm Nonumm”.
Falls dir eng Schlofplaz zu Zürech braucht, kënnt dir dëst bei der Umeldung uginn. Och hei sinn d’Plaze begrenzt an den éischten ass fir.
Hei ass de Link vum Facebook Event wou dir all d’Informatiounen nach eng Kéier fannt a mir iech up to date halen: https://fb.me/e/59K1ViIE4.
Mir freeën eis op ee flotte Weekend mat iech.
Bis geschwënn,
Den LSZ Comité
more
Auerzäit
November 14, 2025 6:00 pm - November 16, 2025 4:00 am(GMT+01:00)
Location
Zürich