Skip to main content

Kölle Alaaf

Méi10nov(nov 10)8:00 pmMëtt12(nov 12)4:00 pmKölle AlaafLSC-IC

Event Details

Léif Cerclen a Fuesgecken,

D’fënneft Joreszäit steet virun der Dier. Hei ze Köln net nëmmen iergend eng Joreszäit, mee de Start vun der beschter Zäit, dem Karneval. 🥳

Den LSC organiséiert wéi och déi vergaange Joren och rëm säin traditionellen Intercercle. Vum 10.11 bis den 12.11 heescht et fir eis all da Kölle Alaaf. 🎉

Um Programm:

  • Mir starten um Méinden den 10.11.2025 mat eisem legendäre Welcome Fräibéier (12€), also ee Virdrénke virum Drénken, wat well ee méi!
  • Den Dënschden 11.11.2025 ass et dann esou wäit, mir treffen eis gutt gelaunt a verkleet um Alter Markt a féieren zesummen de Start vun der Karnevalssessioun mat Treffpunkt beim Lëtzebuerger Bam ab 9h30.
  • De Mëttwoch 12.11.2025 geet et da weider fir déi leit, déi sech gären ze Köln nach erhuele wëllen. Mir ginn zesumme Brunchen (13€) an dono nach an d Thermen (eege Käschten).

Insgesamt kascht iech den Intercerlce also 25€ falls ee bei all Aktivitéiten deelhuele well. (W.e.g mëllt iech awer iwwert eise Forms un, och wann den 11.11 un sech Gratis fir jiddereen ass, wee weess, villäicht kënnt nach eng oder déi aner Iwwerraschung op iech zou!) 🍻

Dëst Joer bidde mir och rëm Schlofplaze bei eis un, do gëllt wéi sou üblech „first come, first served”, déi sinn also limitéiert.

D’Umeldung geet Sonnden, de 5. Oktober um 11h11 fir jiddereen op. Stellt iech also ee Wecker. ⏰

Hei de Link fir d’Umeldung: https://forms.gle/uzyL8rGe5aEiwqtP9

Méi Informatioune fannt dir deemnächst och iwwert eis Socials a mir halen iech och wärend dem Intercerlce um lafenden.

Mir freeën eis op iech!

Ären LSC-Comité ❤️🤍

more

Auerzäit

November 10, 2025 8:00 pm - November 12, 2025 4:00 pm(GMT+00:00)

Location

Köln

Other Events