Skip to main content

Kölner Bal

Fr19dec8:00 pm3:00 amKölner BalLSC-BAL

Event Details

Wann den 19. Dezember bei iech nach net am Kalenner déck markéiert ass, dann ass et elo héisch Zäit dofir! Wéi all Joer fënnt Freides virun der Wantervakanz de Kölner Bal statt.

Dëst Joer feiere mir am VERSO (17 Rives de Clausen, 2165 Gronn Lëtzebuerg) an d’Wanterpaus eran. Mat engem Virverkafsticket vun nëmmen 10€ oder duerch eis Oweskeess fir 13€ kënnt dir vu kölscher Lust & Laune profitéieren. Nieft der Bommestëmmung, déi den DJ NEEMAX garantéiert, ass och fir Iessen, Garderobe a Transportméiglechkeete gesuergt.

Wéi kommen ech un déi Ticketen?

De Virverkaf geet den 19.11. um 11:11 lass. Fëllt de Link aus a maacht eis ee Payconiq (Sam Thill, +352 621 817 369) oder eng Iwwerweisung (LU41 0030 2126 7383 0000) mam Betreff “Kölner Bal – Virnumm + Nonumm” fir jeeweils 10€*Unzuel un Ticketen. Mat där Umeldung kommt dir den Dag vum Bal einfach a schnell duerch eis Entrée an de Club!

Den 18.12.2025 um 23:59 ass eise Virverkaf zou. Dat ass awer kee Probleem! An der Oweskeess kann ee sech fir 13€ eng Entrée sécheren. (Dës ass just disponibel, soulaang mir eis Maximalkapazitéit net erreecht hunn).

!!!All déi, déi den 18.12.2025 op der offizieller ACEL-Lëschtekeess stinn, brauche keen Ticket. Mir bieden iech trotzdeem de Link auszefëlle fir iech d’Entrée ze vereinfachen a verschnelleren.

Déi wichtegst Infoen am Iwwerbléck:

  • Kölner Bal: Freides, 19.12.2025
  • Location: VERSO (17 Rives de Clausen, 2165 Gronn Lëtzebuerg)
  • VVK 10€ an OWK 13€
  • Start vum VVK 19.11. um 11:11 iwwert dëse Link
  • Fir Iessen, Garderobe & Transport publique ass gesuergt!

All weider Detailer ginn an der Zäit an där mir ongedëlleg op de Kölner Bal waarden op eisem Instagram gedeelt. Et lount sech op alle Fall eis ze followen (lsc_koelschi)! Villäicht erwaart iech nach déi eng oder aner Iwwerraschung deemnächst.

Bis dann & Kölle Alaaf! <3

more

Auerzäit

Dezember 19, 2025 8:00 pm - 3:00 am(GMT+00:00)

Location

Lëtzebuerg - Gronn

Other Events