Skip to main content

Tarte Flambée

Do13nov6:00 pm11:59 pmTarte FlambéeALUS-IC

Event Details

Léif Memberen a Frënn vun der ALUS,

Och dëst Joer si mir frou lech mat ze deelen dass mir erëm eisen traditionellen Tarte Flambée Intercercle organiséieren. 🤩

Wéini a Wou? 📆 13 November 2025 🕦20h 📍29 Rue des Frères, 67000 Strasbourg (Restaurant Flam’s)

Mir invitéieren Iech all, souwuel eis Alus Memberen sou wei och eis Frënn aus all deenen anere Cerclen, fir deen Owend mat eis zesummen Tarte Flambée à volonté z’iessen. Fir Gedrénks wei Béier a Softs ass och gesuergt an dat alles fir 20€!!🍻

Dir kennt lech ab den 30. Oktober ab 12 Auer ënnert dem Link hei umellen.

https://forms.gle/vxNH7c2hiRXx4EhN8

D’Platze sinn op 100 limitéiert, zéckt also net ze laang a mellt lech un, dass dir net op d’Waardelëscht kommt. Hei fannt dir och de Link wou dir gesitt op dir ënnert den 100 éischte sidd.

https://view-awesome-table.com/-OcW1YN8XruYacquGw4z/view

Mier bidden iech ënner anerem hei e puer Schloofplaatzen un. Déi si limitéiert an dowéinst sinn déi éischt fir!!

Mir biede lech d’Suen no ärer Umeldung bis spéitstens de 5.November mam Vermierk “Numm+Virnumm+Tarte Flambée IC 2025” op eise Kont (IBAN: LU83 0019 2955 2436 2000) ze iwwerweisen oder eis een Digicash (+352 621 355 927) ze maachen.

Falls dir lech awer nach ofmelle musst, maacht dat bis spéitstens den Donneschden 8. November, all Ofmeldung no dem Datum kenne mir leider net méi rembourséieren.

Mir feeën eis een onvergiesslechen Owend mat Iech ze verbréngen,

Ären Alus Comité ❤️

more

Auerzäit

November 13, 2025 6:00 pm - 11:59 pm(GMT+01:00)

Location

Straßbourg

Other Events