Student fir 1 Dag

De Student fir 1 Dag 2019 ass leider eriwwer. Déi nächst Editioun fënnt an der Ouschtervakanz 2020 statt!

Du wëlls wësse wat dech op der Uni erwaart? Dann sief Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun den Dagesreesen an déi verschidden Universitéitsstied, organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen a Voyages Emile Weber. Looss dir d’Uni, de Campus an d’Stad selwer vun de lëtzebuergesche Studenten op der Platz weisen an erklären.

Als Ofschlossschüler steet en viru wichtegen Entscheedunge fir d’Zukunft. Soll ee studéiere goen oder net? An wéi eng Uni ass fir mech iwwerhaapt déi richteg? De Projet «Student fir 1 Dag» bitt dir eng eemoleg Geleeënheet, dir d’Unien an d’Unisstied op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dir bei dengen Entscheedungen ze hëllefen.

Um Programm stinn d’Visitt vun den Uni’en a vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, ewéi d’Bibliothéik, d’Hörsäll oder d’Administratiouns Gebaier. D’Visitt ginn mat engem Iessen oder engem Patt am Stamm-Restaurant/Café vum jeeweilege Cercle ofgeronnt. Natierlech gëtt wärend dem ganzen Dag op all méiglech Froe geäntwert an et entsteet ee gudden Austausch tëschent Schüler a Studenten.

2019 besiche mir 20 verschidde Stied. Bei de Reesen Innsbruck, Wien, München a Zürech ass d’Urees op eegen Initiativ a Käschten. Fir all aner Stad ass den Transport mam Bus am Präis mat dran.

Folgend Stied stoungen 2019 zur Auswiel:

Datum Stad Präiss Mat Transport? Un-/Ofmellen bis den... Programm
6. Abrëll Nanzeg 40€ jo 3. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
6. Abrëll Stroossbuerg 40€ jo 3. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
8. Abrëll Bréissel 40€ jo 3. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
8. Abrëll Innsbruck* 8€ nee 3. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
9. Abrëll Belval (uni.lu) 8€ jo 4. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
9. Abrëll Freiburg 40€ jo 4. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
10. Abrëll Karlsruhe 40€ jo 5. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
10. Abrëll Heidelberg 40€ jo 5. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
11. Abrëll Saarbrécken 21€ jo 8. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
11. Abrëll Wien* 8€ nee 8. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
12. Abrëll Tréier 21€ jo 9. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
12. Abrëll München* 8€ nee 9. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
15. Abrëll Kaiserslautern 40€ jo 10. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
15. Abrëll Zürech* 8€ nee 10. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
16. Abrëll Köln 40€ jo 11. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
16. Abrëll Bonn 40€ jo 11. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
17. Abrëll Oochen 40€ jo 14. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
18. Abrëll Frankfurt 40€ jo 15. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
19. Abrëll Léck 40€ jo 16. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden
19. Abrëll Maastricht 40€ jo 16. Abrëll (23:59 Auer) Eroflueden

*Bei dëse Stied ass d'Urees op eegen Initiativ a Käschten.

FAQ - Frequently Asked Questions

1. Umeldung

Bis wéini kann ech mech umellen?
Du kanns dech bis 2 Schaffdeeg virun der Rees umellen. Déi genau Deadlinen fënns du an der Tabell hei uewendriwwer. Denk awer drun: d’Plaze si limitéiert, déi éischt si fir!

Wéini sinn ech definitiv ugemellt?
Eréischt wann's du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt. Du kriss an deem Fall eng Bestätegung per SMS geschéckt.

Kann ech mech fir zwou Reesen, déi ob engem Dag ugebuede ginn, umellen?
Leider ass d’Kombinatioun aus Stied déi de selwechten Dag ugebuede ginn net méiglech. Sou kann een sech awer fir zwou (oder méi) Stied, déi net de selwechten Dag besicht ginn, umellen.

Ech hunn Problemer mat der Umeldung.
Bei Problemer mat der Umeldung, mell dech bei eis.

2. Bezuelung

Wéi muss ech bezuelen?
Direkt wärend der Umeldung kanns du online mat enger Kreditkaart bezuelen. Dëst verleeft op sécher Art a Weis. Soubal’s du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt.

Wéi bezuelen ech, wann ech keng Méiglechkeet hunn mat enger Kreditkaart ze bezuelen?
Wann‘s du keng Méiglechkeet hues mat enger Kreditkaart ze bezuelen, da maach d'Säit vun der Bezuelung (Schrëtt 6) einfach zou (deng Donnéeë si bei eis gespäichert) a kontaktéier eis esou séier wéi méiglech. Bedenk awer, dass d'Plaze limitéiert sinn an déi, déi als éischt bezuelen, Virrecht hunn.

Wat ass alles am Präis mat dran?
Bei all Rees ass de Programm an der jeeweileger Stad souwéi e Mëttesiessen am Präis mat dran. Zousätzlech ass bei de Stied (mat Ausnahm vun Innsbruck, Wien, München an Zürech) och den Transport mam Bus am Präis mat dran.

3. Alter

Ech sinn net op 1ère, dierf ech awer deelhuelen?
Jo, jiddereen de wëll dierf um Student fir 1 Dag deelhuelen. Du dierfs soumat och deelhuele wann's du nach net op 1ère bass oder d'1ère schonn hannert dir hues.

Wéini brauch ech eng Autorisation Parentale?
Wann's du den Dag vun der Rees ënner 18 Joer al bass, da brauchs du eng Autorisation Parentale (ausser fir de Student fir 1 Dag um Belval). Bei Innsbruck, Wien, München oder Zürech brauchs du keng Autorisation Parentale wann's du mat enger erwuessener Persoun (z.B. dengen Elteren) urees.

Wou kréien ech eng Autorisation Parentale a wou muss ech déi ofginn?
Deng Autorisation Parentale kriss du bei denger Gemeng. Bei de Reesen mat engem vun eis organiséierten Transport, muss du deng Autorisatioun bei der Umeldung eroplueden. Denkt awer drun, dass du deng Autoristioun Parentale och um Dag vun der Rees dobäi muss hunn.

Ob wien schreiwen ech meng Autorisation Parentale?
D'Autorisation Parentale muss du, mat Ausnam vun Innsbruck, Wien, München an Zürech, op d'ACEL ausstelle loossen. Fir dës 4 Reese schreifs du d’Autorisation Parentale ob dech selwer wann’s du eleng dohinner gees. Gëss du vun dengen Eltere begleet, da brauchs du keng Autorisation Parentale.

Ech hunn ënner 18 Joer dierf ech awer mat?
Du dierfs op all Rees mat ausser Maastricht. Du brauchs just eng Autorisation Parentale, déi’s du den Dag selwer dobäi muss hunn.

4. Transport

Bei wei enge Reesen ass den Transport mam Bus garantéiert?
Bei alle Reesen, mat Ausnahm vun Innsbruck, Wien, München an Zürech, ass den Transport mam Bus garantéiert.

Wou fueren d’Busser fort?
D’Busser fueren zu Ettelbréck um Parking bäi der Däichhal an an der Stad um Bouillon (P&R Busparking) fort. Kuck dir déi folgend Karte genau un fir ze wësse wou’s du muss hikommen. Sief w.e.g. mat Zäiten do, de Bus ka leider net op dech waarden.
bildschirmfoto-2019-01-06-um-15-19-02.png

Wéi kommen ech an déi Stied, bei deene kee Bus organiséiert ass?
Fir an déi Stied ze komme wou kee Bus organiséiert ass, ass d'Organisatioun vum Transport op eegen Initiativ a Käschten. Wéi’s du am einfachsten dohin kenns, fënns du am Programm vun der jeeweileger Stad. Dëst betrëfft folgend Stied: Innsbruck, Wien, München an Zürech.

5. Ofmeldung

Bis wéini kann ech mech nees ofmellen?
Du kanns dech bis 2 Schaffdeeg virun der Rees ofmellen. Déi genau Deadlinen fir all Rees fënns du an der Tabell hei uewendriwwer. Wann's du dech méi spéit wei déi genannten Deadlinen ofmells, kriss du deng Sue leider net zeréck.

Wéi kann ech mech nees ofmellen?
Du kanns dech nëmmen ofmellen an deem's du eis kontaktéiers. Wann's du dech rechtzäiteg ofmells, iwwerweise mir dir esou schnell wei méiglech deng Suen zeréck.

6. Zousätzlech Froen

Wat fir eng Unie gi mir kucken?
An de jeeweilege Programmer vun de Stied, gesäis du wat fir eng Uni'en besicht solle ginn. Gëff bei der Umeldung einfach déi Uni un, déi dech interesséiert. Op d’Nofro hin, kennen dann och nach aner Uni’en/Fakultéite visitéiert ginn.

Wat muss ech alles mathuelen?
Folgend Saachen soll's bei der Rees onbedéngt dobäi hunn:
-deng Carte d'identité
-eng Autorisation Parentale (cf. 3. Alter)
-eppes Klenges fir owes ze iessen (verschidde Busser sinn eréischt spéit owes zeréck zu Lëtzebuerg). 

Ween organiséiert de Student fir 1 Dag?
De Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen an de jeeweilege Stied, souwéi och mat Voyages Emile Weber organiséiert. An der Studentestad sidd dir déi ganzen Zäit vun de Lëtzebuerger Studenten aus der jeeweileger Stad encadréiert.

 
Hues du nach weider Froen? Da mell dech bei eis.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.