Site Média de service public 100,7
Fill dech doheem, iwwerall
Museksjournalist:in mat enger Passioun fir klassesch Musek – Vollzäit oder Deelzäit
Däin Häerz schléit fir déi klassesch Musek?
Du wëlls deng Passioun deelen an d’Nolauschterinnen an Nolauschterer vum Opus domat
begeeschteren? Da bass du bei eis richteg ! D’Ekipp vum Opus sicht en neie Member. Bei eis schaffs
du am Déngscht vum Service public a bass no um Bols vun der nationaler an internationaler
klassescher Musekszeen. Du féiers Interviewe mat Kënschtler:innen, recherchéiers spannend
Theemen, entwéckels nei Sendungsformater a Podcasten an inspiréiers eise Public – am Studio wéi
och bei Live-Moderatiounen.
Wéi stäerks du d’Ekipp vum Opus?
Du bass virwëtzeg, kreativ an hues Loscht, komplex Theeme verständlech, spannend an ouni Angscht
virun Emotiounen opzebereeden. Du gesäis d’Zesummenaarbecht mat dengem Team als eng Quell vu
Kreativitéit a Qualitéit.
Wourop s du dech verloosse kanns
Eng dynamesch a sympathesch Ekipp, déi hir Leidenschaft a gutt Laun on-air, sou wéi off-air lieft. Du
gëss vu Grond op agefouert a professionell begleet, mat klore Prozesser an engem permanente
Austausch, fir dech séier fir d’Antenn fit ze maachen. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op
onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch,
bei där s du net eppes Neies léiers oder spannend Leit begéins.
An elo?
Hues du nach Froen? Da mell dech!
Ass alles kloer? Da schéck eis deng Kandidatur bis den 23. Februar op .
Mir wëllen deng Stëmm héieren.
Média de service public 100,7
21a , avenue J.F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
https://www.100komma7.lu/
https://www.opus.radio/
Fannt eis op Insta a Facebook
To apply for this job please visit 100komma7.lu.



















