Den 10. Oktober 2020 gouf amplaz vun der traditioneller REEL, vun der ACEL eng Journée politique organiséiert, déi ënnert dem Motto “Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?” gelaf ass.
De Schengen-Accord, deen 2020 säi 35. Gebuertsdag gefeiert huet, war d’Thema vun dëser Journée politique. D’Corona-Pandemie huet gewise, wéi séier d’Grenzen och innerhalb vum Schengen-Raum kënnen zou gemaach ginn an zu wat fir Problemer dëst an de Grenzregioune féiere kann. Vill Studenten aus Lëtzebuerg déi an engem anere Land studéieren, goufe staark an hirer Mobilitéit ageschränkt a virun eng nei Situatioun gestallt, déi eng grouss Majoritéit vun hinne bis dohin net kannt huet. No engem Virtrag vum Educatiouns- an Héichschoulminister Claude Meisch, konnten d’Leit aus dem Publikum hier Froen direkt un den Här Minister Meisch stellen. Hei goung et virun allem drëms wéi d’Studenten an Zäite vu Corona adaptéiere mussen a wéi si hier berufflech Chancen an Zukunft aschätzen.
Journée politique: Interview
Et gëtt ëmmer méi schwéier eng Aarbechtsplaz ze fannen. 👩💻🔍
Zemools direkt nom Studium. Hei gëllt et, zesumme no Léisungen ze sichen fir de Jonken de Schratt an den Aarbechtsmarché ze vereinfachen.
Publiée par ACEL – de Studentevertrieder sur Jeudi 19 novembre 2020
No enger kuerzer Paus koum et dunn zu enger grousser Table Ronde zum Thema “35 Joer Schengen: ass alles perfekt? – Problemer vun de Studenten an engem vereenegten Europa“. Nieft dem ACEL-President Sven Bettendorf waren ausserdeem den EU-Kommissär Nicolas Schmit, den EU-Deputéierte Charles Goerens, d’ Chamber-Deputéiert Viviane Reding an d’Directrice vum Europäesche Konsumenteschutz Karin Basenach invitéiert. Moderéiert gouf dës Table Ronde vum Journalist Pierre Jans.
Journée politique: Interview
Eis Journée politique, déi dëst Joer fir d’éischte Kéier stattfonnt huet, war ee wichtegen Event fir den Austausch tëschent de Studenten an de Politiker och an dësen Zäiten ze garantéieren. Mir sinn houfreg dorop, dass d’Resonanz bei de Participanten esou positiv war. 🙏
Publiée par ACEL – de Studentevertrieder sur Jeudi 19 novembre 2020
Journée politique: Interview mam Charles Goerens
Den Dialog mat de Studenten ass och eise Politiker immens wichteg. Nëmme mat engem konstanten Austausch tëschent eis Studenten an de Ministèren a Politiker op internationalem Niveau kënne mir laangfristeg Léisunge fir eis alldeeglech Problemer am Studenteliewe schafen.
Publiée par ACEL – de Studentevertrieder sur Jeudi 19 novembre 2020
Déi komplett Journée politique kanns du a voller Längt nach eemol hei kucken: