Kommunikatioun ACEL-Cercle

Wéi op eiser AG am Dezember annoncéiert, hu mir eis et fir dëst Joer als Ziel gesat d’Kommunikatioun no bausse wat d’ACEL ass a wat se meescht an d’Kommunikatioun tëschent der ACEL an de Cercle ze verbesseren.

Dofir géife mir elo gären iech d’Cercle fir är Meenung an ären Input froen. Dëse kennt dir als Comité oder individuell ausfëllen, mir géifen iech heifir d’Deadline vum 11. Mee setzen. Kuerz dono wäert eis Klausurtagung stattfannen, wou mir dann d’Evaluatioun dovu maachen an dann eng weider Strategie ausschaffe kennen.

Doriwwer eraus bidde mir awer och gären all Cercle, den dorunner interesséiert ass, d’Méiglechkeet un, e Call mat eis ze maache fir eis äre Feedback an Input ze ginn. Schreift eis dofir einfach eng Mail, da fanne mir zesummen en Datum.

Informatiounen

Feedback zu éischte Mesuren

  • ACEL-Update : Fir iech méi oft um Lafenden ze hale wat mir aktuell maachen, wou wéi eng Dossieren dru sinn a wat deemnächst usteet wäerte mir an Zukunft no all Comités-Versammlung eng Aart Rapport verfaasse wou all d’Informatioune kompakt dra stinn. Dësen ACEL-Update wäerte mir iech iwwer den Intranet schécken, mir kucken awer och d’PDFen um Site oder am Intranet ze hannerleeën.
  • Intranet Info-Säit : Kuerzfristeg wëlle mir am Intranet eng Säit erstellen, wou konkret dra steet wat een als Cercle alles vun der ACEL kréie kann als Ënnerstëtzung (materiell oder finanziell), laangfristeg wëlle mir eng Aart Wiki ariichte wou dir d’ganzt Joer iwwer Informatiounen zu de fir d’Cercle relevanten Events kennt fannen (Studentefoire, De Studentebal, Guiden, Tournoi de Noël, …).
  • Cercle Virstellung op Social Media : Samsdes wäert elo all Woch 1 Cercle d’Méiglechkeet hunn, sech mat engem Post virzestellen, sief et eng Fotoen oder e Video, dat ass ganz iech iwwerlooss. Dofir géife mir iech bieden eis bis den 28. Abrëll Bescheed ze soen, wien dorunner interesséiert ass. Da louse mir d’Reihenfolge aus a géifen Iech déi weiderleeden. Natierlech kann all Cercle sech och nach dono mellen a gëtt dann einfach hannendru gesat. (https://acel.lu/cercle-virstellung-op-social-media/)
  • IC a Baler op Social Media : Et soll net méi nëmmen all Semester e Post mat den Datumer vum ganze Semester gemaach ginn, mee all Mount soll e Post/ eng Story mat den Datumer vum Mount gemaach gi fir hei méi Visibilitéit ze schafen.
  • Den ACEL Studentecorner (Eldo Sendung) : Wéi dir scho wësst, wäert all leschte Freide vum Mount eng Live Sendung um Eldo Radio sinn, wou ëmmer en anere Cercle zu Gaascht ass. Dofir wäert virun der Sendung en Teaser gepost ginn a no der Sendung wäerten och nach emol Highlights gepost ginn. Doriwwer eraus soll d’Sendung och als Podcast op den übleche Plattforme verëffentlecht ginn.
  • Informativ Inhalter op Social Media : Mir wëlle méi generell informativ Posten op de Sociale Medie maachen (z.B. wann den Delai vun der Bourse ass, wann eng Deadline fir d’Équivalence usteet, asw.). Donieft schaffe mir grad och d’Konzept vun enger Rubrik mam Numm „Wous de schonn?“ aus, dës ass fir méi generell a locker informativ Posts geduecht.

Kommunikatioun

Präsentatioun/Kommunikatioun no baussen

Allgemenge Feedback