Zanter méi wéi 40 Joer ass d’Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois (REEL) e feste Rendez-vous am Kalenner vun de lëtzebuergesche Student:innen. All Joer komme fir véier Deeg ronn 150 Student:innen aus ganz Europa zesummen, fir sech auszetauschen, ze diskutéieren an nei Kontakter ze knäppen. Et ass eng eenzegaarteg Geleeënheet fir mat Vertrieder:innen aus Politik a Wirtschaft zesummenzekommen. Dobäi ginn net nëmmen aktuell Problemer vun de Student:innen thematiséiert an d’Erausfuerderunge fir eis Generatioun diskutéiert.
D’REEL gëtt a Zesummenaarbecht mat der ACEL organiséiert a steet all Joer ënnert engem Thema, dat fir d’Student:innen vu relevanz ass, si beschäftegt an en Impakt op hir Zukunft wäert hunn. Ronderem dëst ginn da verschidde Workshops, Echangen mat Expert:innen an Diskussioune mat politeschen an ekonomesche Vertrieder:innen organiséiert, wou sech ausgetosch an no Léisunge gesicht gëtt. An der Vergaangenheet hunn d’REELaner:inne schonn oft bewisen, dass si sech hirer Verantwortung bewosst sinn, soudass op der REEL scho Léisungsusätz fir déi verschiddenst Problem entstan sinn an och den een oder anere Gesetzesprojet do säin Ursprong hat.
D’REEL ass awer vill méi wéi just e politescht Event – et huet een och d’Geleeënheet d’Kultur, d’Brauereien an de lokale Wäi besser kennen ze léieren. Doriwwer eraus bitt d’REEL de Student:innen d’Méiglechkeet nei Leit kennen ze léieren an al Kolleegen erëm ze gesinn, déi sos iwwer ganz Europa verdeelt sinn. Wat déi perséinlech Zukunft an der Beruffswelt ugeet kann d’REEL een och virubréngen. Am direkten Austausch mat de Partnerentreprisen huet sech schonn déi eng oder aner Geleeënheet fir e Stage oder eng Aarbechtsméiglechkeet erginn.
































































