Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou’s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass?

Dann sief och du Student fir 1 Dag a géi mat op eng vun de Visitten an 25 verschidden Universitéitsstied a 8 verschiddene Fächer, organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.

Student fir 1 Dag 2025

Och dëst Joer an der Ouschtervakanz wäert erëm de Student fir 1 Dag stattfannen. De Fachspezifesche Student fir 1 Dag helleft dir och 2025 nees Studiefächer ze entdécken, viraussiichtlech op engem Samschdeg am März. D’ACEL an d’Cerclë si fläisseg amgaangen déi nächst Editioun ze plangen.

D’Umeldungen fir de Student fir 1 Dag 2025 ginn Ufank bis Mëtt Februar 2025 op. Ab elo kanns du dech awer schon an eiser Mailinglescht androen, esou verpass du net wann d’Umeldungen opginn!

Hal dech um Lafenden, mir freeën eis dech beim Student fir 1 Dag kënnen ze begréissen.

Du hues scho Froen? Schreif eis! Du kanns eis iwwer FacebookInstagram oder per Mail op email hidden; JavaScript is required erreechen!

Student fir 1 Dag 2025 - Mailinglescht
Mat dëser Mailinglescht gess du benochrichtegt wann d'Umeldungen fir de Student fir 1 Dag opginn
Destinatiounen 2025
Datum Stad/Fach Cercle Transport
22. März Fachspezifesch 1 All fachspezifesch Eegeninitiativ (Campus Belval)
5. Abrëll Fachspezifesch 2 All fachspzifesch Eegeninitiativ (Campus Beval)
7. Abrëll Heidelberg LSH Bus
7. Abrëll Karlsruhe AELK Bus
7. Abrëll Berlin VLIB Fliger
8. Abrëll Bonn Alesontia Bus
8. Abrëll Düsseldorf LSD Bus
8. Abrëll Wien LSW Fliger
9. Abrëll Léck Lëstlé Bus
9. Abrëll Maastricht LSMaas Bus
10. Abrëll Bréissel CELB Bus
10. Abrëll München LSM Fliger
10. Abrëll Fribourg (CH) Friblëtz Eegeninitiativ
11. Abrëll Innsbruck LSI Eegeninitiativ
11. Abrëll Freiburg im Breisgau (DE) SLUF Bus
11. Abrëll Zürech LSZ Bus
12. Abrëll Stroossbuerg ALUS Bus
14. Abrëll Tréier LST Bus
14. Abrëll Louvain GDL Bus
15. Abrëll Paräis AELP Bus
15. Abrëll Oochen AVL Bus
16. Abrëll Amsterdam RLA Bus
16. Abrëll Kaiserslautern LSK Bus
17. Abrëll Köln LSC Bus
17. Abrëll Nanzeg ELAN Bus
18. Abrëll Lausanne AELL Eegeninitiativ

All Datumer fir de Sf1D an de Stied léien an der Ouschtervakanz (5.-20. Abrëll 2025). Ännerungen un den Datumer si nach méiglech, soulaang den Umeldungssite net op ass.

Frequently asked Questions (FAQ)

1. Unmeldung

  • Bis wéini kann ech mech umellen?
    Du kanns dech 2-3 Schaffdeeg virun der Rees umellen. Déi genau Deadline fënns du um Umeldungssite. Denk awer drun: d’Plaze si limitéiert, déi Éischt si fir!
  • Wéini sinn ech definitiv ugemellt? 
    Eréischt wann’s du bezuelt hues, bass du definitiv ugemellt. Wann’s du net iwwer Payconic bezuele kanns, kriss du eng Bestägung wann deng iwwerweisung ukomm ass.
  • Ech stinn op der Waardelëscht.
    Ass een op der Waardelëscht kann een och no der Deadline nach noréckelen, wann spontan een ofspréngt. An dem Fall ruffe mir dir un. Soulaang keng Waardelëscht affichéiert gëtt, si nach Plazen disponibel.
  • Kann ech mech fir zwou Reesen, déi ob engem Dag ugebuede ginn, umellen?
    Leider ass d’Kombinatioun aus Stied déi de selwechten Dag ugebuede ginn net méiglech. Et kann een sech awer fir zwou (oder méi) Stied, déi net de selwechten Dag besicht ginn, umellen.
  • Ech hunn Problemer mat der Umeldung.
    Bei Problemer mat der Umeldung, mell dech bei eis. (email hidden; JavaScript is required)

2. Bezuelung / Präis

  • Wéi muss ech bezuelen?
    D’Bezuelung ass direkt um Site via Payconic méiglech. Alternativ kann een eis de Betrag och iwwerweisen. Schreiw eis eng Mail u email hidden; JavaScript is required a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn. Soubal d’Iwwerweisung bei eis ukomm ass, ass deng Umeldung confirméiert.
  • Wéi bezuelen ech, wann ech keng Méiglechkeet hunn mat enger Kreditkaart ze bezuelen?
    Wann‘s du keng Méiglechkeet hues mat enger Kreditkaart ze bezuelen, da maach d’Säit vun der Bezuelung (Schrëtt 6) einfach zou (deng Donnéeën si bei eis gespäichert) a schreiw eis eng Mail u email hidden; JavaScript is required a mir leeden der eis Bankdaten weider. Denk onbedéngt drun däi Numm an d’Bestellungsnummer unzeginn. Bedenk awer, dass d’Plaze limitéiert sinn an déi, déi als éischt bezuelen, d’Virrecht hunn.
  • Wat ass alles am Präis mat dran?
    Bei all Rees ass de Programm an der jeeweileger Stad souwéi e Mëttesiessen an deels e Snack am Präis mat dran. Zousätzlech ass bei de Stied (mat Ausnam vun Fribourg(CH), Lausanne, Innsbruck) och den Transport mam Bus am Präis abegraff a bei de Stied Berlin, München a Wien den Transport mam Fliger mat dobäi wann s du dech fir de Vol mat Luxair entscheeds. Wou a wat et z’iessen gett kann een an de Programmer respektiv bei de Cerclen selwer nofroen.

3. Alter / Autorisatioun parentale

  • Ech sinn net op 1ère, dierf ech awer deelhuelen?
    Jo, jiddereen dee wëll dierf um Student fir 1 Dag deelhuelen. Du dierfs soumat och deelhuele wann’s du nach net op 1ère bass oder d’1ère schonn hannert dir hues.
  • Wéini brauch ech eng Autorisation Parentale?
    Wann’s du den Dag vun der Rees ënner 18 Joer al bass, da brauchs du eng Autorisation Parentale. Bei Urees an Eegeninitiav brauchs du keng Autorisation Parentale wann’s du mat enger erwuessener Persoun (z.B. dengen Elteren) urees.
  • Wou kréien ech eng Autorisation Parentale a wou muss ech déi ofginn?
    Deng Autorisation Parentale kriss du bei denger Gemeng. Bei de Reesen mat engem vun eis organiséierten Transport (Bus, Fliger), muss du deng Autorisatioun bei der Umeldung eroplueden. Denkt awer drun, dass du deng Autoristioun Parentale och um Dag vun der Rees dobäi muss hunn.
  • Ech hu meng Autorisation Parentale nach net, gi se awer nach virun der Rees sichen, wéi kann ech mech umëllen?

Du kanns eng eidel PDF-Datei héichlueden an d’Autorisation Parentale per Mail un email hidden; JavaScript is required virun der Rees noreechen.

  • Ob wien schreiwen ech meng Autorisation Parentale?

    • D’Autorisation Parentale muss du op d’ACEL – Association des cercles d’étudiants Luxembourgeois ausstelle loossen.
    • Bei enger Urees an Eegeninitiativ brauchs du eng autorisation parentale déi op dech selwer ausgestallt ass. Ausser en Erwuessenen begleet dech.
    • D’Autorisation parentale ka bis virum Départ via Mail u email hidden; JavaScript is required nogereecht ginn.
  • Ech hunn ënner 18 Joer dierf ech awer mat?
    Jo, et gellt alles iwwert Autorisations Parentales aus den iewechten Punkten.

4. Transport

OPTIOUN 1: Transport mam Bus
  • Bei wei enge Reesen ass den Transport mam Bus garantéiert?
    An der Tabell sinn déi jeweileg Transportmëttel opgelescht. Am Fall vu net genuch Umeldungen (ënner 5, ausser bei gedeelte Busser wéi Düsseldorf, Karlsruhe, Léck) gëtt eng Rees oofgesoot. Dëst gett spéitesdens 2 Deeg am Viraus kommuizéiert.
  • Wou fueren d’Busser fort?

    • Zu Ettelbréck fiert de Bus um Parking bei der Däichhal fort
    • An der Stad um P&R Bouillon fiert de Bus um Busparking fort, ca. 100m westlech vum Fischer.
    • Déi genee Auerzäit vum Depart gett all Participant:e 2-3 Deeg virun der Rees nach eng Kéier matgedeelt, se ass awer och schon bei der Umeldung ze gesin.
    • Ween 5 Minutten no der geplangter Auerzäit nach net do ass, gett vun eis ugeruff. Wa mir net opgehuewen kréien ruffe mir nach den Elteren un. Hiewt do och keen op, fuere mir lass.
    • Wann’s du moies mierks dass du ze spéit bass, mëll dech bei der Kontaktpersoun, déi der per Mail matgedeelt gouf, per Telefon.
OPTIOUN 2: Transport op Eegeninitiativ
  • Wéi kommen ech an déi Stied, bei deene kee Bus organiséiert ass?
    Fir an déi Stied ze komme wou kee Bus organiséiert ass, ass d’Organisatioun vum Transport op eegen Initiativ a Käschten. Wéi’s du am einfachsten a bëllegsten dohi kenns, fënns du am Programm vun der jeeweileger Stad. Dëst betrëfft folgend Stied: Amsterdam, Berlin*, Innsbruck, Fribourg (CH), Wien*, München* an Zürech. 
OPTIOUN 3: Transport mam Fliger*
  • Bei wéi enge Reesen ass den Transport mam Fliger garantéiert?
    Mir bidde säit dësem Joer och eng Flugméiglechkeet fir folgend Stied un: Berlin, München a Wien. Dir kënnt natierlech och mat eegen Transport ureesen, dat kënnt dir bei der Umeldung uginn, wéi dir wëllt dohinner reesen.
  • Kréien ech mäin Fluchticket per Mail geschéckt?
    Soubal der bezuelt hutt kritt der eng Bestätegungsmail vun eis. De Fluchticket kritt der awer eréischt an deene 7 leschten Deeg vu Luxair zougeschéckt, well der bis 7 Deeg virdrunner ouni Grond kënnt stornéieren an dee Moment och är Sue ganz zeréck kritt.

5. Ofmeldung

  • Bis wéini kann ech mech nees ofmellen?
    Du kanns dech bis 2 Schaffdeeg virun der Rees ouni Konsequenzen ofmellen. Déi genau Deadlinë fir all Rees fënns du um Umeldungssite. Wann’s du dech méi spéit wei déi genannten Deadlinen ofmells, kriss du deng Sue leider net zeréck.  Wann’s du uginn hues dat’s du de Fliger hëlls, muss du dech bis 7 Schaffdeeg virun der Rees ofmellen, soss kriss du deng Sue leider net zeréck.
  • Wéi kann ech mech nees ofmellen?
    Du kanns dech nëmmen ofmellen an deem’s du eis (sf1d@acel.lu) kontaktéiers. Wann’s du dech rechtzäiteg ofmells, iwwerweise mir dir esou schnell wei méiglech deng Suen zeréck.

6. Zousäzlech Froen

  • Wat fir eng Unie gi mir kucken?
    An de jeeweilege Programmer vun de Stied, gesäis du wat fir eng Uni’en besicht solle ginn. Gëff bei der Umeldung déi Uni/Fakultéit un, déi dech interesséiert. Wann eppes waat dech interesséieren géing, net um Programm ass, kanns du dech béim Cercle mellen a nofroen, op si sech upasse kennen.
  • Ween organiséiert de Student fir 1 Dag?
    De Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen an de jeeweilege Stied, souwéi och mat Voyages Emile Weber, der Uni.lu a Luxair organiséiert. An der Studentestad sidd dir déi ganzen Zäit vun de Lëtzebuerger Studenten aus der jeeweileger Stad encadréiert.

7. Wichteg Informatiounen virum Depart

Vergiesst net kuerz virum Depart wichteg Dokumenter matzehuelen, fir dat deng Rees mat eis ouni Probleem verleeft.

  • Carte d’identité
  • Schülerkaart
  • Snacks fir d’Busrees je no Distanz
  • E besse Boergeld wann’s du dir eppes kaafe wells
  • Fir Mannerjäreger: Autorisation parentale
  • Fir Fligerreesen: Fluchbilljee (mobil oder physesch)
Galerie
Aftermovie

2024 (Aftermovie)

Emile Weber
Luxair

2024 (Interview)

Interview – Schüler:innen
Interview – Cercle