Déi richteg Sendung fir Studenten an zukünfteg Studenten! Hei ginn all Froe ronderëm d’Studenteliewe vun aktuelle Studente beäntwert.
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!
Wat ass den ACEL Studentecorner?
All leschte Freide vum Mount erzielen aktuell lëtzebuergesch Studente vun hirem Alldag, wéi si ënnerschiddlech Problemer gemeeschtert hunn a beäntweren dir all deng Froen. Natierlech gëss du hei awer och iwwert all méiglech Eventer informéiert, déi fir dech als Student oder Studentin interessant kënne sinn.
All Sendung déi vun 20h00-21h30 ass, huet d’Anne Besuch am Studio an dat vu Vertrieder vun der ACEL a vun den ënnerschiddleche Cercle. Si sinn nämlech déi richteg Uspriechpartner wann et ëm deng Froe ronderëm d’Studéiere geet.
Replay

Episod 1 - D'ACEL op Besuch

De 25. Abrëll gouf et déi éischt Editioun vum ACEL Studentecorner an hei waren dann direkt dräi Vertrieder vun der ACEL op Besuch am Studio. Zesumme mam Lena, dem Gianni an dem Mattis gouf iwwert de Choix vun der Uni, d’Wunnengssich an d’Bourse geschwat. Donieft gouf awer och iwwert d’Cerclen an iwwer d’Eventer, déi déi Lëtzebuerger Studentenzeen prägen, geschwat.

Episod 2 - Den LSC an den LSMaas op Besuch

Den 30. Mee waren de Max vum LSC an de Yannick vum LSMaas am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d’Anne iwwert Köln a Maastricht geschwat. Wéi ass et do ze studéieren? Wat kann een do studéieren? A wat maachen déi zwou Stied sou interessant?
Fun Fact: Enn Mee ass um Eldo einfach mol Fuesmusek gelaf!