Den Tournoi de Noël ass rëm do!
De 21. an 23. Dezember 2024 gëtt um Campus Geesseknäppchen nees Sport gemaach!
Wat ass dat genau?
Den Tournoi de Noël ass een Tournoi aus 3 Sportaarten, den d’ACEL zesumme mat der Lasel organiséiert.
Den Tournoi fënnt iwwert zwee Deeg statt, woubäi mir de 21.12 Volleyball a Basket spillen an den 23.12 Fussball spillen. Bis zu 28 Cerclë kënnen sech hei an deenen eenzele Sportaarten umellen. Nieft dem sportlechen Aspekt, steet bei eis awer och dee Gesellschaftlechen Aspekt am Virdergrond, dofir gëtt et wärend dem Tournoi ëmmer d’Méiglechkeet bei eisem Comptoir een ze drénken a seng Kolleegen zum Schluss vum Joer nach eng Kéier rëm ze gesinn.
Ekippeniwwersiicht & Spillplang
1 | Aix-en-Provence (Letz’Aix) | 8 | Heidelberg (LSH) | 15 | Nanzeg (ELAN) |
2 | Berlin (VLIB) | 9 | Innsbruck (LSI) | 16 | Oochen (AVL) |
3 | Bonn (Alesontia) | 10 | Kaiserslautern (LSK) | 17 | Stroossbuerg (ALUS) |
4 | Bréissel (CELB) | 11 | Köln (LSC) | 18 | Tréier & Maastricht (LST & LSMaas) |
5 | Düsseldorf (LSD) | 12 | Léck & Baaschtnech (Lëstlé & CELBas) | 19 | Wien (LSW) |
6 | Freiburg (SLUF) | 13 | Lëtzebuerg (LSL) | 20 | Zürech (LSZ) |
7 | Fribourg (Friblëtz) | 14 | München (LSM) |
1 | Amsterdam (RLA) | 6 | Kaiserslautern (LSK) | 11 | Oochen (AVL) |
2 | Berlin (VLIB) | 7 | Innsbruck (LSI) | 12 | Stroossbuerg (ALUS) |
3 | Bréissel (CELB) | 8 | Köln (LSC) | 13 | Wien (LSW) |
4 | Heidelberg (LSH) | 9 | Lëtzebuerg (LSL) | 14 | Zürech (LSZ) |
5 | Innsbruck (LSI) | 10 | München (LSM) |
1 | Aix-en-Provence (Letz’Aix) | 9 | Köln (LSC) | 17 | Paräis (AELP) |
2 | Berlin (VLIB) | 10 | Léck & Baaschtnech (Lëstlé & CELBas) | 18 | Portugal (LSP) |
3 | Bréissel (CELB) | 11 | Lëtzebuerg (LSL) | 19 | Stroossbuerg (ALUS) |
4 | Freiburg (SLUF) | 12 | Louvain-La-Neuve (GDL) | 20 | Tréier & Maastricht (LST & LSMaas) |
5 | Heidelberg (LSH) | 13 | Montpellier (CELM) | 21 | Wien (LSW) |
6 | Innsbruck (LSI) | 14 | München (LSM) | 22 | Zürech (LSZ) |
7 | Kaiserslautern (LSK) | 15 | Nanzeg (ELAN) | ||
8 | Karlsruhe (AELK) | 16 | Oochen (AVL) |
Auerzäiten?
- Warm-Up 08:30
- Startschoss 09:00
- Schluss 19:00
- Startschoss 08:30
- Schluss 20:00
Wou?
Um Geesseknäppchen an der Stad a verschiddene Sporthaalen, de Comptoir ass rëm an der Schwämm, wou och moies den Treffpunkt ass.
Iessen a Gedrénks
Fir d’Iessen Mëttes suergen dëst Joer dräi Cerclen:
- Grillwurscht 4,00 €
- Mettwurscht 4,00 €
- Veggiewurscht 4,00 €
- Chicken Burger 6,00 €
- Veggie Burger 5,50 €
- Nuddelszalot 4,00 € (+2€ Vidange)
Doniewent wäert dir um Tournoi de Noël net duuschtreg bleiwen, mir versuergen iech mat genuch Gedrénks! Fir d’Waasser wiere mir frou, wann dir wgl. ären eegene Bidon matbréngt, an dee kënnt dir da gratis opfëllen.
Prix de Consommation
Fir eis Cerclen wäert och weiderhinn den traditionnelle Prix de Consommation (et gett gemunkelt, dass dësen och Saufpokal heescht) verdeelt ginn, wou et och e klenge Gewenn dofir gëtt! Maacht iech bäi, dass mir endlech dem LSW hieren Titel oofhuelen kënnen!