Befreiung vum Rundfunkbeitrag
An Däitschland gëtt et de sougenannte „Rundfunkbeitrag“. Dës Käschte setze sech souwuel aus Radios- wéi och Televisiounsfraisen zesummen. Et muss een deen och bezuele, wann ee keng Televisioun an/oder och kee Radio doheem huet. D’Käschte leien aktuell bei 18.36 Euro pro Mount, mee kënnen zu all Moment vun der däitscher Regierung no ënnen oder uewe geännert ginn. Du kriss, soubals du dech an denger Studiestad ugemellt hues, e Bréif wou steet weis du virgoe muss fir de Rundfunkbeitrag ze bezuelen, du muss also keng extra Schrëtt ënnerhuelen.

Befreiung
Am Moment ass eng Befreiung just fir déi Studenten:innen méiglech déi eng Bourse Sociale kréien. Falls dat bei dir de Fall ass, kanns du folgend Schrëtter ënnerhuelen:
- Als éischt brauchs du e „Nachweis zum Antrag auf Befreiung von der Rundfunkbeitragspflicht für Studierende aus dem Großherzogtum Luxemburg”.
Den Héichschoulministère leet dëst Dokument direkt bei de gielen Ziedel, deen deng Bourse confirméiert, dobäi. Wann dat net de Fall ass, kanns du en Ziedel per E-Mail iwwer d’Adress ufroen. An der E-Mail muss Folgendes stoen: däin Numm, deng Reference interne oder deng Matricule a fir wéi ee Joer de Certificat soll sinn. - Op de Site vum Rundfunkbeitrag goen.
- Do op „Kontaktformular” an dann op „eine Frage zu meinem Beitragskonto stellen” klicken. (net op „Befreiung oder Ermäßigung beantragen” klicken)
- Deng perséinlech Donnéeën ausfëllen an d’Bäitragsnummer net vergiessen.
- Am Feld „Ihre Nachricht” solls du dann uginn, dass et sech bäi denger Ufro em een „Antrag auf Befreiung aufgrund eines besonderen Härtefalls” handelt a kuerz erklären, dass du zu Lëtzebuerg eng Sozial Bourse kriss an déi néideg Dokumenter fir d’Befreiung heimat zoukomme léiss.
- Am Feld „Datei anhängen” de gescannte Formulaire vum Héichschoulministère eroplueden an d’Ufro ofschécken.
Weider Infos:
- Du muss dës Befreiung all Semester ufroen, soss gëss du nees opgefuerdert, de Bäitrag ze bezuelen.
- De Rundfunkbeitrag bezitt sech ëmmer op de ganze Stot an net just op eng eenzel Persoun. Wann s du also an enger WG wunns an d’Sozialbourse kriss, mee deng Matbewunner:innen se net kréien, kanns du net vum Rundfunkbeitrag befreit ginn.
Réckwierkend Befreiung
Et ass esouguer méiglech, sech réckwierkend vum Rundfunkbeitrag befreien ze loossen. Dat allerdéngs just fir en Zäitraum vun dräi Joer.
Et wier wichteg fir eis, ze wëssen, ob dëst bei jidderengem klappt. Dofir géife mir eis iwwert eng kuerz Réckmeldung freeën, wann s du dech net online befreie loosse konnts. Du kanns eis op schreiwen.
Sollten et nach ëmmer Problemer ginn, kann een sech gären un eis wende mir wäerte weiderhin an dem Dossier aktiv bleiwen, och mat der Hoffnung dass sech all Student:innen an net nëmmen déi mat enger Bourse Sociale kënne vum Rundfunkbeitrag befreie loossen.
