Skip to main content
Artikelen

KFZ-Stéiergesetz (DE & AT)

By March 10, 2023March 10th, 2024No Comments

Dir krut och ee Bréif fir d’KFZ-Steiergesetz? Dann kuckt Iech dësen Artikel mol un.

Et ka virkommen dass Lëtzebuerger Studenten an Däitschland oder an Éisträich vun der Police ugehale ginn oder ee Bréif kréie wou da behaapt gëtt dass si hiren Auto missten am Land vun hirem Studium umelle well si sos géife géint d’KFZ-Steiergesetz an Däitschland resp. géint Kraftfahrzeugsteuergesetz an Éisträich verstousse géif.

D’KFZ-Steiergesetz an Däitschland an an Éisträich verflichten d’Leit, déi an Däitschland ugemellt sinn, respektiv hiren éischte Wunnsëtz an Däitschland oder an Éisträich hunn, hiren Auto do unzemellen an dee Moment och Steiere fir dësen ze bezuelen.

Dëst ass awer a béiden net Fäll net ganz korrekt well et existéiert d’Richtlin 83/182/EWG vum Europäesche Rot vum 28. März 1983 iwwer Steierbefreiungen innerhalb vun der Gemeinschaft bei zäitlech beschränktem Aféiere vu bestëmme Verkéiersmëttelen. Dës ass fir d’Lescht duerch d’Richtlin 2013/13/EU geännert ginn a beseet dass Student:innen aus dem EU-Ausland opgrond vun dem Artikel 5 (1)b) an dem Artikel 7 (1) vun dem entspriechende Gesetz an Däitschland an an Éisträich ausgeholl sinn an hiren Auto net mussen ëmmelle loossen.

D’ACEL huet versicht am Sënn vun de Student:innen eng Léisung ze fannen, dofir hu mir eis mat verschidden Acteure gesinn an eis weider an d’Thema erageschafft. Déi follgend Schrëtt sollen Iech hëllefe fir Iech eventuell dovu befreien ze loossen. Dir fannt hei drënner ee Musterbréif an déi ganz Prozedure wéi dir kennt géint sou ee Verfare virgoen.

 

1. Schrëtt:

Op den Bréif äntwerten mat engem vun de folgenden Virlagen déi een ausfëlle kann :

KFZ-Formulaire-DE

KFZ-Formulaire-AT

 

2. Schrëtt:

Un dëse Bréif muss du nach folgend Dokumenter unhänken:

  • Certificat de Residence vun Lëtzebuerg
  • Deng Immatrikulatiounsbescheinegung vun der Uni

3. Schrëtt:

All Dokumenter, wann et méiglech ass perséinlech, bei der Police ofginn.

 

4. Schrëtt:

Op d’Äntwert waarden an eis dës kommunizéieren. Dëst erméiglecht eis an deem Dossier weider ze schaffen an no enger Solutioun ze sichen.