Skip to main content

Den 12. Juli 2019 wäert den traditionelle Studentebal 2019 op der Wiss nieft dem P&R Bouillon stattfannen an erëm eng grouss Unzuel vu Studenten a Cerclen zesummebréngen, déi bei gudder Musek an hoffentlech dem beschte Wieder d’Nuecht zum Dag kënne maachen an di vill verschidde Special-Drinks probéiere kënnen.

De Studentebal steet virun der Dier! Den 12. Juli 2019 ass et nees esou wäit an d’Preparatioune lafe schonn, also save the date!
Hei fann dir all d’Infoen vun der 19. Editioun vum De Studentebal :

Musek

Dëst Joer leet den DJ Nosi als Warm-up bis 23:00 d’Musek op, iert den DJ VDG bis spéit an d‘Nuecht d’Stëmmung am Zelt wäert maachen!

Ticketen

Virverkaf-Bännercher ginn et an noer Zukunft bei deenen eenzele Cerclen an a folgende Caféen an Restauranten:

Bronx – Kierchbierg
Café du Gymnase – Dikrech
Fabrik – Miersch
Snooze – Stad & Belval
Siegfried- Stad
Pitcher- Esch

Virverkaf: 10€
Oweskeess: 12€

Axxess Kaart

Fir déi Leit, déi eng Axxess Kaart bei der Entrée kënne virweisen, ginn et wéi déi läscht Jore Gedrénksbongen am Wäert vun 2€.

Happy Hour

Dir sidd ee schlaue Fuss, da kommt éischter op de Bal : Vun 20-22h ass Happy Hour!

Facebook-Event

An der nächster Zäit wäerten ëmmer méi Informatiounen an Neiegkeeten zum Bal op eiser Facebook-Page oder op eisem Facebook-Event publizéiert ginn, ënner anerem wäert dir Entréesticketen a Gedrénksbonge gewanne kënnen. Also schnell liken an net är Chance verpassen: ACEL – de Studentevertrieder

Stänn

Hei fann dir och eng Lëscht mat all de Cercle déi bei der Editioun 2018 um Studentebal vertruede waren mat hirem Special Drink, d’Stänn vum Joer 2019 kommen och heihi stoen:
AELK Karlsruhe: Tequila ; ALUS Stroossbuerg: Hot Lion
AELL Lausanne: Eischt Hëllef Sprëtz ; GDL Louvain: Berentzen ; LSZ Zürich: Kir Royal
ALEM Medizin: Transfusioun ; ALEP Psychologie: Delirium ; LBS Bts: LBS Néckel
ALESONTIA Bonn: Tingelmingel ; VLIB Berlin: Berliner Luft ;
LSH Heidelberg: Melounenschnaps
AVL Oochen: Campari-O ; LST Tréier: Koma
CELB Bréissel: Bombe Bleue ; LSRM Rhein-Main: Laternchen
CELBAS Baschtnech: Sangria ; LSW Wien: Hugo
CELM Montpellier: Loony Flamingo ; LETZ’AIX Aix: Sex in Aix
ELAN Nanzeg: Nasty Nancy ; ELSIC Kommunikatioun: Elsicker ; LESTLE Léck: Peket Shot
FRIBLETZ Fribourg: Swiss Kiss Sprëtz ; SLUF Freiburg: Schwarzwälder Caipi
LSC Köln: Gin&Tonic ; LSM München: Blue Seppl
LSD Düsseldorf: LSD Shot ; LSS Saarbrécken: Saar Sun
LSI Innsbruck: Almojito ; LSNL Holland: Flying Dutchman ; SLSB UK: Jägerbomb
aACEL Amicale: Picon
LSK Kaiserslautern: Grillstand

Divers

Oweskeess bis 02.00h an definitiv Sortie ab 03:00.

Aftermovie 2018

Aftermovie 2016