Skip to main content

Wei an deene Jore virdrunner war et am Dezember 2018 souwäit an d´ACEL huet a Kooperatioun mat der LASEL den Tournoi de Noel organiséiert.

Bei dësem Event handelt et sech em Turnéier an dräi verschidde Sportaarten: Basket, Volleyball a Fussball. Déi verschidde Cerclen treffen sech um Campus Geesseknäppche fir iwwert zwee Deeg géinteneen unzetrieden.

D´Editioun 2018 huet no de Chrëschtdeeg, de 27. an 28. Dezember, stattfonnt an zuelräich Sportler a Supporter an d’Hale gelackelt.

Gestart huet dat ganzt Donneschdes moies mam Basket- a Volleyball, wou an deene verschiddene Poulen d’Virronn gespillt ginn ass, a Mëttes sinn d´Finalle gespillt ginn. Freides war et dunn un de Fussballspiller, déi am nämmlechte System d´Gewënner ermëttelt hunn. Di ganz Spillpläng an Organisatioun vum sportlechen Deel läit an den Hänn vun den Dammen an Häre vun der LASEL, mat deene mer elo schonn eng länger Zäit gutt zesumme schaffen an deene mer heimat nach eemol Merci wëlle soen.

Am Basket huet Tréier (LST) gewonnen, am Volleyball Bréissel (CELB) an am Fussball war et de Cercle vun der LUNEX (LSU). Den “Overall Winner”, och “Challenge Jean Schmit” genannt, waren dunn awer d’Studenten aus Bréissel, déi am Volleyball 1. gi sinn, am Fussball 2. an sech am Basketball net manner wéi déi 6. Platz séchere konnten.

Fir d’Iessen hunn dëst Joer 4 vun eise Cercle gesuergt. Eis Kollege vu Berlin (VLIB) hunn gegrillt an, fir si typesch, Currywurscht verkaf, d’Studente vu Bingen (LSB) hunn eis lecker lëtzebuergesch Kniddele gekacht, d’Innsbrucker (LSI) hunn eis hir Spezialitéit, den Tiroler Gröschtl, zerwéiert an d’Leit vu Léck (LESTLÉ) ware mat Kürbiszopp a Panescher fir d’Entrée an den Dessert zoustänneg. Hinnen nach eng Kéier e grousse Merci dofir, dass keen huet missen hongereg Heem goen!

Och dëst Joer gëtt de gesamten Erléis aus dem Verkaf vu Gedrénks fir karitativ Zwecker gespent. Mir freeën eis der Fondation Maison de la Porte Ouverte an der Association Narin den Erléis vum Tournoi 2018 ze spenden.

Mir soe jidderengem, de Sportler, Supporter an Organisateuren, Merci a freeën eis op di nächst Editioun am Dezember 2019.