Skip to main content

E grousst Thema fir all Student am Ufank vu sengem Parcours ass: wéi finanzéieren ech mäin Studium? Dofir kann een eng finanziell Hëllef beim Service “Aide financières” ufroen.

Des Hëllef vum Service “Aide fiancières” ass allerdéngs opgedeelt a verschidden Deeler déi jee no der familiärer Situatioun an aner Aspekter vun enger Persoun ofhänken. Zousätzlech dozou kann een esouguer nach e Prêt accordéiert kréien.

Fir dëst alles fir den neie Student méi verständlech ze maachen huet d’ACEL e Video produzéiert, deen op einfacher Aart a Weis erkläert, wat een alles erwaarde kann als Student a wat ee bei der Demande alles beuechte muss.

Bei all weider Froen déi am Video net gekläert goufen, kennt dir eis gären e Mail op email hidden; JavaScript is required maachen.

Mir wënschen iech vill Spaass beim Kucke vum Video, deen dir ënnert dësem Link fannt.

Eisen Communiqué de Presse dozou fann dir hei.