Skip to main content
  • D’ACEL sicht Informatiker!

Mir sinn aktuell op der Sich no engem oder zwee Benevolaten am Beräich Informatik. Falls du Student an motivéiert bass dech an eisem Comité ze engagéieren, mell dech bei eis! Mir sinn eng dynamesch an motivéiert Equipe, déi sech fir d´Rechter vun den Studenten an Studentinnen asetzt, se informéiert an regroupéiert.

Zu dengen Kompetenzen / Aarbechten zielen :

  • gutt Kenntnisser vun PHP
  • WordPress Theme Entwécklung fir eisen Internetsite
  • It support fir de Comité an Maintenance vun Mailen an Cloud
  • Gär an enger Equipe schaffen
  • Symfony Framework fir d’Intranet

Des Weideren ginn et folgend Beräicher, déi virdeelhaft sinn :

  • Kenntnisser vun Grafik Programmer wéi Photoshop, Illustrator oder Indesign
  • Java fir d’Android Lidderbuch App
  • Swift fir d’iOS Lidderbuch App
  • Kenntnisser mat Linux Server, SSH, commandozeil

Falls du interesséiert bass, Deel vun eiser flotter Equipe ze ginn, oder weider Froen hues, dann zeck net an mell dech ënner email hidden; JavaScript is required. Natierlech gëss du och ageschafft an an éischter Zäit begleet.

Mir hunn och eng öffentlech Comitéversammlung, wous du dir och schonn een eischten Androck kanns maachen.