Skip to main content
COVID19Instagram

COVID-19 Voucher fir Studenten

By August 5, 2020February 2nd, 2022No Comments

Gratis COVID-19 Voucher fir Studenten bei der ACEL

Fir verschidden Studenten ass et momentan schwiereg an d’Unisstad zeréckzefueren, well verschidde Länner 2 Wochen Quarantän froen oder een negative PCR Test deen net méi al ass wéi 48 Stonnen. Vue dass awer vill Studenten aktuell Examen hunn an sech dringend mussen teste loossen fir kennen un den Examen deelzehuelen, hunn mir probéiert zesummen mam Héichschoulministère a mam Gesondheetsministère eng Léisung ze fannen.

Fir déi Studenten, déi en negativen Covid19-Test brauchen fir kennen un engem Examen am Ausland deelzehuelen, huet d’ACEL elo eng nei Plattform verëffentlecht, wou d’Studenten en Voucher fir en gratis Test ufroe kënnen.

Fir dësen Voucher unzefroen muss ee gewësse Konditiounen* erfëllen :

  • Et muss ee Student sinn
  • Et muss sech em eng Presenzveranstaltung am Kader vum Studium handelen
    (obligatoreschen Examen, Oral, Soutenance, etc., deen oder déi a Presenzform op der Uni stattfënnt oder en aneren trefftege Grond)
  • D’Land wou een studéiert muss een negativen Covid19-Test froen fir anzereesen
  • Et muss en eng lëtzebuergesch Matricule vun enger lëtzebuerger Krankekees hunn

Falls déi aktuell Situatioun sech ännert, kënnen d’Bedingungen, fir en Voucher fir sech testen ze loossen, änneren.

Wann een dës Konditiounen erfëllt, kann een sech ee Voucher ënner folgendem Link ufroen: https://acel.lu/covid19test. Nodeems een dës Demande gemaach huet an déi uewegenannten Konditiounen erfëllt, kritt ee vun eis per Mail e Code zougeschéckt.

Dofir ass et wichteg, bei ärer Demande déi richteg E-Mail Adress unzeginn. No deem s dëse Code per Mail verschéckt ginn ass, kann een sech ënnert folgendem Link mam Code ee Rendez-vous huelen fir sech gratis testen ze loossen: Link

Bei der Demande fir den Voucher bei der ACEL unzefroen ginn folgend Dokumenter gefrot:

  • Immatrikulatiounsbescheinegung / Certificat de scolarité
  • Prüfungsumeldung / Noweis fir eng Präsenzveranstaltung op denger Uni

Bei der Demande fir den Voucher muss een 3 Deeg Beaarbechtungszäit mat arechnen.

Bei Froen, mellt Iech bei eis via Mail op email hidden; JavaScript is required


*D’ACEL behält sech d’Recht vir des Konditiounen zu all Moment der aktueller Lag unzepassen