Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Erhéijung vun der Bourse

By June 20, 2022No Comments

Am Abrëll ass an der Tripartite eng nei Indextranche entscheet ginn. Vue dass d’ Studente Bourse un den Index gekoppelt ass, geet do duerch d’ Bourse mat d’ Luucht. Mat Hibléck op d’ Erhéijung vun den Energie Präisser gouf eng zousätzlech Enveloppe Verfügung gestallt déi d’ Student:innen nach wieder entlaaschte soll. Zousätzlech gouf de Montant vun den Aschreiwungskäschte verännert, esou wéi och den Häertefallantrag geet an d’ Luucht. Des Upassunge vun der AideFi sinn säit dem 14.06.2022 vun der Chamber accordéiert ginn an domadder offiziell.

An dëser Tabell gesäit een Upassunge vun der Bourse pro Semester.

 

Montant
2021-2022
Montant
2022-2023
Insgesamt Upassung fir den August 2022 Upassung vum Index vum Oktober 2021 an Abrëll 2022 Upassung duerch déi Zousätzlech Enveloppe
Bourse de base 1 050€ 1 142€ +92€ +52€ +40€
Bourse de mobilité 1 286€ 1 420€ +134€ +64€ +70€
Bourse sociale 288€ bis 1.995€ 352€ bis 2.210€ +64 bis +215€ +14 bis +100€ +50 bis +115€
Bourse familiale 262€ 274€ +12€ +12€ +0€

 

Wéi vill ee vun der Bourse sociale kritt hänkt vum Akommes vum Haushalt of. D’ Referenz ass hei den Onqualifizéierte Mindestloun (SSM). Dëse läit bäi 2.313,38€ pro Mount oder 27.760,56 pro Joer (Stand 09.06.2022). Et gëtt hei gekuckt wéi oft den Haushalt dëse Montant zu Verfügung huet.

Critère fir d’ Bourse Social

Montant
2021-2022

Montant
2022-2023

Insgesamt Upassung fir den August 2022 Upassung vum Index vum Oktober 2021 an Abrëll 2022 Upassung duerch déi Zousätzlech Enveloppe
1x SSM 1 995€ 2 210€ +215€ +100€ +115€
1,5 x SSM 1 681€ 1 870€ +189€ +85€ +104€
2 x SSM 1 391€ 1 553€ +162€ +69€ +93€
2,5 x SSM 1 128€ 1 266€ +138€ +56€ +82€
3 x SSM 866€ 980€ +114€ +43€ +71€
3,5 x SSM 603€ 693€ +90€ +30€ +60€
4,5 x SSM 288€ 352€ +64€ +14€ +50€

Zousätzlech ginn d’Aschreiwungskäschten ab dem éischten Euro a bis zu engem Beitrag vun 1.900€/Semester respektiv 3.800€/Joer fir d’ Bourse consideréiert, woubäi een d’ Hallschent als Bourse kritt an déi aner Hallschent als Prêt kann ugefrot ginn. Virun dëser Ännerung si fir d’ éischt nach 100€ ofgezu ginn an dunn gouf réischt duerch 2 gedeelt. De Maximale Betrag war virdru mat 3700€/Joer 100€ pro Joer manner.

Och gouf de Betrag fir den Häertefallantrag ugepasst, wou bäi dëse vun 1.000€ op 2.000€ erop gaangen ass. Wann engem den Häertefallantrag accordéiert gëtt kënnen des zousätzlech 1.000€ zu 50% als Bourse an zu 50% als Prêt bäi der Bourse dobäi kommen.

Méi Informatiounen zu der Bourse fënns du och um Site vum Ministère Staatliche Studienbeihilfe – AideFi – MengStudien.lu – Luxembourg (public.lu)