Skip to main content
De 25. Abrëll hate mir eng Entrevue mat der Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sécurité Sociale an hire Beroderinnen.
Beschwat goufen Onkloerheeten mat der Affiliation an d’Sécurité Sociale am Kader vun engem Stage wärend dem Studium. Hei krute mir d’Zoustëmmung, dass do ee Problem ass a kruten zougesot, dass een sech dëse wëll a nächster Zäit genau ukucken a léisen. Ee weidert Thema vun der Entrevue war d’Krankeversécherung vu Student:innen an der Schwäiz wou si no ee puer Jore riskéieren sech selwer mussen ze versécheren. Hei krute mir zougesot, dass ee sech nächst Woch well mam zoustänneger schwäizer Minister austauschen.
Zum Schluss hu mir eis nach iwwer de Pensiounssystem an eng am Raum stoend Analyse an eventuell Upassung ausgetosch. Als ACEL hu mir, nieft eisem Input, ënnerstrach dass déi Jonk an d’Student:innen hei net dierfe vergiess ginn an dass et wichteg ass och si an esou ee Prozess anzebannen.
Mir si frou, dass ee konstruktiven Austausch tëscht der Ministesch an der ACEL méiglech war a sinn zouversiichtlech, dass mir weiderhi gutt zesummeschaffe wäerten.
Fotoen © M3S