Den 23. Oktober 2024 hate mir eng Entrevue mat der Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sécurité Sociale, Vertrieder aus hirem Ministère, der IGSS an der CNAP.
An dëser, schonn zweeter, Entrevue zum Thema vun der Pensiounsreform gouf beschwat wéi wichteg d’Bedeelegung vun de Student:innen an insgesamt vun de Jonken un dëser Diskussioun ass. Si wäerten et sinn, déi laangfristeg am meeschten den Impakt wäerte spieren, dowéinst ass et vu fundamentaler Bedeitung, dass hir Suergen gehéiert an och beuecht ginn.
Fir dass all Jonken sech ka bedeelegen ass et wichteg dass dëst komplext Thema verständlech gemaach gëtt fir jiddereen deen wëll matschwätzen. Dofir goufe vun eiser Säit ënner anerem méi interaktiv Toolen gefrot.
Eng vun eise Fuerderunge war, dass d’Studiejoeren net nëmmen weiderhin ugerechent ginn, mee dass een se och flexibiliséiert. Si sollen also net just tëscht 18 a 27 Joer ugerechent ginn, mee am Sënn vum lifelong-learning, sollt een se sech och méi spéit am Liewen kënnen urechnen loossen. Ausserdeem hu mir virleefeg Resultater vun eiser Pensiounsëmfro virgestallt, déi kloer den Interessi vun de Student:innen zu dësem Thema weisen.
Wien als Jonke seng Meenung wëll abréngen, dee ka nach ëmmer eis Ëmfro ausfëllen (Link an eiser Bio) an/oder dem Ministère seng Meenung matdeelen um Site http://xn--schwtzmat-y2a.lu/