Skip to main content

De 24. Oktober huet d’ACEL mam Héichschoulministère eng Déclaration d’Intention iwwer Adaptatioune vun der Aide Financière am Kader vun engem neie Gesetz ënnerschriwwen. Mat dësen Adaptatiounen, d’Resultat vun e puer Diskussiounsronnen tëscht dem Ministère an der ACEL, soll d’Studiebäihëllef fir d’Student:inne verbessert ginn, ouni d’Basisstruktur mat de véier Pilieren ze änneren.

Zu de Mesure gehéieren d’Upassunge vun der Bourse un den Index all Semester, eng Primm vun 250€ fir den Ofschloss vun engem Studium an eng Erhéijung vu 5% vum Montant vun der Bourse de Mobilité. Eng weider Mesure déi ville Student:inne wäert ënnert d’Äerm gräifen ass dass den Zënssaz vum Prêt vun der Aide Financière an Zukunft net méi soll vum Staat op 2%, mee op 1,8% gedeckelt ginn.

Dës a weider Mesurë wäerten dann nächst Joer am Kader vu Gesetzesprojet der Chamber virgeluecht ginn. Geplangt ass dass dat neit Gesetz soll fir d’Rentrée 2026/2027 a Kraaft trieden.