Skip to main content

Am Mäerz an Abrëll ware mir als ACEL am Schlass vu Buerglënster vertrueden, wou mir un dräi verschiddenen Experteronnen am Kader vun der Campagne schwätzmat.lu vum Ministère fir Sozialversécherung deelgeholl hunn.

Dës Diskussiounsronne stoungen all ënner engem anere Schwéierpunkt: Gerechtegkeet, Upassungsfäegkeet an Nohaltegkeet vum Pensiounssystem. Eng komplex a wichteg Thematik, déi och eis Generatioun betrëfft.

Als Stëmm vun de Student*innen hu mir eise Bléckwénkel an d’Erwaardunge vun der jonker Generatioun mat an d’Gespréich bruecht a kloer gemaach, dass och jonk Leit eng wichteg Roll an der Formung vun eiser zukünfteger Gesellschaft spillen.

Mir freeën eis, dass eis Perspektiv gelauschtert gouf, a mir wäerten och an Zukunft dofir suergen, dass d’Student*innen an nationale Prozesser net vergiess ginn.