Skip to main content

D’Entwécklunge vun de leschte Méint an den USA stellen déi akademesch Fräiheet a Sécherheet vun auslännesche Studente emmer méi a Fro. Déi aktuell Politik vun der US-Regierung, déi ënner anerem zu temporäre Visasstoppë gefouert huet an een erhéicht Kontrollverhale géintiwwer internationale Student:inne weist, betrëfft och déi vu Lëtzebuerg. Aktuell studéieren, no Zuele vum Héichschoulministère, 147 Residenten aus Lëtzebuerg an 39 net-lëtzebuergesch Awunner an den USA. Dës Zuel kéint awer an Zukunft zréckgoen.

Mir als ACEL observéieren d’Situatioun mat grousse Suergen. Universitéite riskéieren hir Finanzéierung, wann se Coursen offréieren, déi net mat der Linn vun der aktueller Regierung konform sinn. Studierichtungen, déi sech mat Diversitéit, sozialen Themen oder Klimawëssenschaften auserneesetzen, stinn am Mëttelpunkt vun der Kritik. Besonnesch betraff ass d’Havard University, déi temporär verbuede krut, nei international Studente bei sech opzehuelen. Obwuel dës Moossnam juristesch ugefecht a provisoresch blockéiert gouf, bleift d’Situatioun fir déi betraffe Studente prekär. D’US-Regierung huet temporär all nei Visa-Interviewe fir auslännesch Studente gestoppt a plangt eng ëmfaassend Iwwerpréiwung vun de soziale Medie vun de Bewerber:innen. Dëst féiert zu laangen Onkloerheeten an Onsécherheete bei der Visa-Vergab. Gläichzäiteg gouf de Visa vu méi wéi 1.600 internationale Studente wéinst politeschen Aktivitéiten oder klengen administrative Verstéiss widderruff.

Mir krute vu verschiddene Lëtzebuerger Student:innen, déi aktuell an den USA studéieren, matgedeelt dass et aktuell e Klima gëtt, dat geprägt ass vun Onsécherheet an Angscht. Verschiddener hu matgedeelt, datt se sech mat politesch Aussoe bedeckt halen, aus Angscht, dass dat negativ Konsequenzen op hire Visa kéint hunn. Anerer hu gesot, si géifen d’USA net verloosse fir Vakanz oder Familljebesich, well se fäerten, net méi zeréckgelooss ze ginn. Et gouf och Fäll, wou Studente keng kloer Informatioun kritt hunn, ob hire Visa verlängert gëtt oder net. Aus denen Grënn wollten déi mescht och net dass hiren Numm am Kontext mat dësen Aussoe genannt gëtt, aus Angscht, dass dëst negativ op si zeréckfalen kéint.

Mir recommandéieren dofir, aktuell vum Studium an den USA ofzegesinn a sech op Alternativen an Europa oder an anere stabille Länner z’orientéieren. D’Sécherheet vum Studienverlaf a respektéiert akademesch Fräiheet musse fir all Student garantéiert bleiwen. Sollte Student:innen an den USA op Problemer stoussen, recommandéiere mir de Kontakt mam Héichschoulministère, mat der Ambassade oder mat eis ze sichen.