Skip to main content

Den 13. Juni huet mir eis mat der Ministesch fir sozial Sécherheet, Martine Deprez, getraff, fir iwwert d’Pensiounsreform ze diskutéieren.

D’ACEL huet dobäi nach eng Kéier ënnerstrach, wéi wichteg d’Generatiounegerechtegkeet an den Erhalt vun de Studiejore sinn. Mir begréissen et dass de System flexibiliséiert gëtt, mee mir hunn awer Bedenken zu der Efficacitéit vun der virgestallte Mesuren. Mir denken dass de Prinzip vun der Generatiounegerechtegkeet sech net genuch erëm spigelt an d’Reform ze staark op Cotisatiounszäit fokusséiert ass.

D’ACEL wäert de Reformprozess weiderhin opmierksam begleeden an d’Interesse vun de Student:inne vertrieden.

Pensioun LU

Pensioun FR