Skip to main content

De 04. Juli huet déi 24. Editioun vum Studentebal mat ronn 4000 Visiteure stattfonnt.

Nieft Béier a Cola-Wäin a Softdrinks hunn 30 Studentecercle d’Visiteuren mat 29 verschiddene Cocktails, Drinks a Shots verwinnt. Fir den Honger virum oder nom Feiere war natierlech och dëst Joer nees duerch ee Cercle gesuergt.

Fir di gutt Stëmmung op der Mainstage hunn dëst Joer den DJ Spyn, DJ Blueteck an den DJ Pinkspace gesuergt. Och eis Technofans sinn dëst Joer duerch eis nei Ravecave op hir Käschte komm, an där den DJ Neemax an den DJ Lucci fir “rave” Stëmmung d’Publikum ze begeeschteren woussten.

Natierlech hu mer och dëst Joer eise Bal esou nohalteg ewéi méiglech gestallt, ganz nom Konzept vum “Greenevent”. Wéi schonn déi lescht Joren hunn mer mat engem Pfandsystem geschafft. Soumat hu mir evitéiert, dass Dausende vu Becheren am Offall gelant sinn.

Nieft dem Pfand System hu mer awer och eng ganz Rei aner Ännerungen en Place gesat. D’Iessen um Bal gouf nëmmen a Mehrwegbehälteren zerwéiert. Et goufe keng Schallimoen an den Drinks benotzt. Den Offall dee leider trotzdeem ugefall ass gouf bewosst getrennt an op de Minimum reduzéiert. Doriwwer eraus hunn d’Cerclen sech engagéiert Bio, Vegan a regional Produiten unzebidden.

Mir soen de Cerclen an eise Partner Merci fir déi gutt Mataarbecht a mir hoffen, dass mir eis nächst Joer erëm um “De Studentebal” um Bouillon erëmgesinn!