Skip to main content

Nodeems schonn den 10. Oktober de Projet de Loi vum neien AideFi-Gesetz an der Chamber deposéiert ginn ass, gouf de Gesetzesprojet den 21. Oktober an der zoustänneger Chamberskommissioun thematiséiert an de 24. Oktober vum Héichschoulministère offiziell presentéiert.

Dat neit Gesetz, wat iwwer dat lescht annerhalleft Joer, an Zesummenaarbecht mat der ACEL, vum Héichschoulministère ausgeschafft ginn ass, soll nächst Joer a Kraaft trieden a bréngt direkt e puer positiv Verännerungen fir d’Student:innen.

Ënner anerem geet d’Mobilitéitsbourse ëm 158 Euro pro Joer an d’Luucht, de maximalen Zënssaz bei Studenteprête geet vun 2 op 1,8% erof a verschidden Ausgaben, déi mat der Aschreiwung op enger Uni a Verbindung stinn (z.B. Sproochentester) kënne rembourséiert ginn.

Ausserdeem goufe verschidden Onkloerheete aus dem ale Gesetz méi präzis am neien Text definéiert.

Des Weideren ka jiddereen, dee vun der AideFi profitéiert huet, eng Primm vun 250 Euro ufroen, wann en e Studiegang ofgeschloss huet.

Méi Detailer zu dësem Dossier fannt dir an dem Communiqué vun der Regierung am Replay vun der ëffentlecher Sëtzung vun der Chamberskommissioun an am Projet de loi, den den 10. Oktober deposéiert gouf:

Projet de loiRéunion de commissionDossier