“Studentesich ouni Cercle” geet an déi nächst Ronn!
- Du studéiers an enger Stad an der et nach kee Lëtzebuerger Studentecercle gëtt?
- Du hues awer Loscht dech mat Lëtzebuerger Student:innen ze treffen a kennen ze léieren?
- Bass du prett, nei Frëndschaften ze schléissen an d’Lëtzebuerger Gemeinschaft méi no beieneen ze bréngen?
Da schreif dech an eisem Formulaire an, a mir schécken dir sou séier wéi méiglech eng Lëscht mat Lëtzebuerger Student:innen aus der nämmlechter Studentestad, sou dat dir Kontakt matenee kënnt ophuelen.


















